
En Donneschdeg den Owend géint 23:30 gouf et zu Harel an der Rue Mgr. Fallize ee Blesséierten, nodeems en Auto an eng Mauer gerannt war. D'Ambulanz vu Wolz, d'Pompjeeë vun Esch-Sauer an och de Samu vun Ettelbréck waren op der Plaz.
E puer Minutte méi spéit gouf dem CGDIS dann een Accident op der A3 tëscht Diddeleng a Richtung Beetebuerger Kräiz gemellt. Zwee Autoe krute sech hei ze paken an zwou Persoune goufen dobäi verwonnt. D'Rettungsekippe vun Diddeleng a Beetebuerg waren am Asaz.
Nieft deenen zwee Accidenter huet et am Verlaf vum Donneschdegowend dann nach op enger Rei Plazen am Land gebrannt. Zu Boxer hat e Feld Feier gefaangen, an der Stad an der Rue de Bonnevoie an zu Esch-Uelzecht an der Rue Emile Mayrisch waren et jeeweils eng Poubelle an zu Uewerpallen um Tontelerwee hat et géint 1:44 Auer an der Nuecht op e Freideg an engem Gaart gebrannt. Bei all deene Virfäll ass awer keng Persoun ze Schued komm.