CGDIS-BulletinFënnef Blesséierter bei dräi Accidenter an engem Brand

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt eng ganz Rei Asätz en Donneschdeg an an der Nuecht op e Freideg. Am Ganze goufe fënnef Leit blesséiert.
© Laurent Weber

En éischten Accident gouf et kuerz no 19 Auer op der A6 tëscht Léiweng an dem Beetebuerger Kräiz. Hei waren en Auto an e Moto anenee gerannt. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert a vum Samu-Noutdokter versuergt. Weider um Asaz waren d'Pompjeeë vu Beetebuerg an dem Réiserbann, souwéi d'Ambulanciere vu Beetebuerg.

Kuerz no 20 Auer en Donneschdeg hat et an enger Kummer an der Rue Bellevue zu Nouspelt gebrannt. Och hei war de Samu-Noutdokter am Asaz, zesumme mat zwou Stater Ambulanzen, fir no engem Blesséierten ze kucken. Fir de Brand ze läschen, waren d'Pompjeeë vun den Zentere Kielen, Koplescht a Mamer am Asaz.

Zu Hiefenech Um Knaeppchen war da kuerz virun 23 Auer en Auto accidentéiert. Och hei gouf eng Persoun verwonnt. D'Ambulancieren aus der Fiels an d'Pompjeeë vun Hiefenech waren op der Plaz.

Zwee Blesséierter gouf et an der Nuecht op e Freideg géint 2 Auer um CR118 tëscht Angelsbierg an der Fiels, nodeems en Auto an e Bam gerannt war. Och hei war de Samu-Noutdokter am Asaz, grad ewéi d'Ambulanciere vu Miersch an aus der Fiels an d'Pompjeeën aus der Fiels a vu Waldbëlleg.

Back to Top
CIM LOGO