CSSF an Israel BondsBettel: "Deemools och net gefrot", Fayot: "kee loftleere Raum"

François Aulner
D’Decisioun vun der Finanzopsiicht CSSF, fir d’ëmstridden israeelesch Bonds iwwert den 31. August eraus net méi ze verlängeren, gëtt politesch begréisst.
© RTL

Esouwuel den LSAP-Deputéierte Franz Fayot ewéi awer och den Ausseminister Xavier Bettel weise sech RTL géintiwwer zefridden, quitt datt se der CSSF kleng Kriticken auswëschen. De Xavier Bettel sot an enger Sproochnoriicht un eis: "Si hunn eis deemools jo net gefrot, ewéi se hir Decisioun geholl hunn, haut hu se och nees net gefrot". Den Ausseminister hat am September d'lescht Joer der CSSF virgeworf, him d'waarm Gromper zouzespillen nodeems se wéinst hirer Autorisatioun fir d'Israel Bonds kritiséiert gi war.

Den LSAP-Députéierte Franz Fayot ass der Meenung, datt d'CSSF scho virun engem Joer dës israeelesch Bonds net hätt sollen approuvéieren. Op d'Remarquen, datt d'Finanzopsiicht awer onofhängeg ass an aktuell keng europäesch Sanktioune géint Israel a Kraaft sinn, äntwert hien, datt d'CSSF awer net an engem "loftleere Raum" wier. Hie verweist drop, datt se no hirer Decisioun am September den Ausseministère ëm en Avis gefrot hat. Donieft wieren d'schlëmm Verstéiss géint internationaalt Recht an Avise vum internationale Geriichtshaff bekannt.

Antisemitismus a Kritik vun israelescher Regierung

Den Ausseminister Xavier Bettel huet an der Lescht d'israeelesch Regierung an hir Aktiounen ëmmer erëm ferm verurteelt. Op engem Wirtschaftsforum huet hien awer och gewarnt, datt een net dierf Antisemitismus oder de Message "Kauft nicht bei Juden" vermëttelen. Fir de Franz Fayot wier Antisemitismus een "No-go", mee dat géing net bedeiten, datt een net kéint d'Politik vun der israeelescher Regierung kritiséieren. Et wier si, déi am Moment de Juddenhaass am meeschte géing stäerken.

Den LSAP-Deputéierten, dee bis 2023 Wirtschaftsminister war, ass och der Meenung, datt d'EU endlech soll mat hiren "deux poids, deux mesures" ophalen an Israel ewéi Russland behandelen: den Handelsaccord mat Israel op Äis leeën an israeelesch Minister sanktionéieren. Lëtzebuerg kéint ewéi aner EU-Länner och scho selwer Sanktiounen ënnerhuelen.

Back to Top
CIM LOGO