
Et geet ëm déi digital Stroossevignette, déi eis Noperen am Fréijoer d'nächst Joer wëllen aféieren. De Marc Hansen, d'Corinne Cahen, de Gusty Graas an d'Mandy Minella erënneren déi politesch Responsabel an der Belsch drun, wéi enk hiert Land a Lëtzebuerg matenee verbonne sinn, virop an der Groussregioun. Si leeën hinnen dowéinst un d'Häerz, iwwert eng Ausnam nozedenken, esou wéi verschidde Regierungsmemberen, dorënner d'Mobilitéitsministesch Yuriko Backes an den Ausseminister Xavier Bettel dat och scho gefrot hunn.
Déi véier Deputéiert erënneren drun, wéi eng Konsequenzen esou eng Vignette fir d'Liewen vun de Leit op béide Säite vun der Grenz hätt. Visitte bei der Famill géife méi komplizéiert ginn, et géife manner Leit an d'Geschäfter just hannert der Grenz akafe goen, berufflech Deplacementer géife méi komplizéiert ginn an och d'Aktivitéiten, déi vun Associatiounen a Sportsveräiner ugebuede ginn, géifen ënnert esou enger Vignette leiden. Et wéilt ee weder d'Souveränitéit vun der Belsch a Fro stellen nach de Regioune virschreiwen, wéi se Politik solle maachen, mä déi liberal Memberen aus der Mobilitéitskommissioun fannen, datt een hei där spezifescher Situatioun misst Rechnung droen.
De Marc Hansen explizéiert, wéi esou eng Ausnam kéint ausgesinn: "Am léifsten hätte mer natierlech alleguerten, datt et guer keng sou eng Vignette an der Belsch géif ginn, mä wann eis belsch Noperen déi Decisioun huelen, hu mer an eisem Bréif gefrot, datt et eng Exemptioun fir d'Groussregioun gëtt. Wat ee sech esou ka virstellen, dass et an engem gewësse Perimeter, also an engem Radius vun X Kilometer vun der belsch-lëtzebuergescher Grenz keng Obligatioun fir Autoe mat Lëtzebuerger Placke géif ginn, fir esou eng Vignette ze hunn." Alternativ kéint een, esou de Marc Hansen och soen, datt een zum Beispill op der Nationale 4 tëscht definéierten Uertschafte respektiv op der Autobunn bis bei eng Sortie X guer keng Vignette bréicht. Dat géif dann och fir Autoen aus anere Länner gëllen.
Déi véier DP-Deputéiert erënneren och drun, datt wärend enger gemeinsamer Reunioun tëscht der Belscher an der Lëtzebuerger Regierung ënnerstrach gouf, datt déi fräi Zirkulatioun en essentiellen Deel vum Alldag vun de Leit ass, absënns vun deene méi wéi 50.000 Frontalieren, déi an de Grand-Duché schaffe kommen. Déi Reunioun ass elo zimmlech genee fënnef Méint hier.
D'Mobilitéitsministesch Yuriko Backes huet iwweregens en Donneschdeg hire belschen Homolog Jean-Luc Crucke gesinn. Si si mam Zuch an der Grenzregioun ënnerwee. Et geet do ënner anerem ëm Investitiounen an Zuch-Offer, mä déi geplangte Vignette dierft och e Sujet sinn. Virun deem Rendez-vous passéiert d'Yuriko Backes bei eis am Studio. Si ass e Freideg de Moien eis Invité vun der Redaktioun.