Sich no Vermësste gestopptNepal warnt virun neien Iwwerschwemmungen, Zuel vun Doudege klëmmt op iwwer 540

AFP, iwwersat vun RTL
D'Secouristen am Katastrophegebitt tëscht dem Nepal an Tibet wollte mat Héichdrock no de Vermësste sichen. Ma elo ass dat geschitt, virun deem d'Autoritéite scho gewarnt haten.
Warnung virun neien Iwwerschwemmungen, Zuel vun Doudege läit bei 547
D'Sich no Iwwerliewenden ass virleefeg gestoppt ginn. Méi wéi 1.400 Leit ginn nach ëmmer vermësst.

Am Katastrophegebitt tëscht dem Nepal a China suergt eng Warnung virun enger méiglecher neier Flut fir Onrou. "Mir hunn Informatioune kritt, datt op der tibeetescher Säit en Damm gebrach ass", mellt déi nepaleesesch Police.

Sécherheetspersonal, Secouristen an Awunner an der betraffener Géigend goufen opgefuerdert, opzepassen a sech a Sécherheet ze bréngen. Der Arméi no gouf wéinst der Iwwerschwemmungsgefor och d'Sich no Vermëssten am Nepal gestoppt. Och déi chineesesch Secouristen haten am Tibet hir Sich- a Biergungsaarbechten um Grenzposte Gyirong aus Sécherheetsgrënn virdru schonn ënnerbrach.

No der uerger Flut am Nepal ass d'Zuel un Doudesaffer weider geklommen.
No der uerger Flut am Nepal ass d'Zuel un Doudesaffer weider geklommen.
© PRAKASH MATHEMA/AFP

E Séi, deen duerch d'Flut e Mëttwoch nei entstane war, hat schonn en Donneschdeg fir Bedenke bei de chineeseschen Autoritéite gesuergt, well sech dora schonn zwou Millioune Kubikmeter Waasser gesammelt haten a weidert Waasser eragefloss war. Wann dësen iwwerlafe géing, kéint duerch d'Waassermassen eng weider Flut ausgeléist ginn. Déi chineesesch Staatstëlee hat allerdéngs gemellt, datt d'Waasser "natierlech ofgefloss" an de Peegel däitlech erofgaange wier. Ob et nom neien Dammbroch zu Schied oder weidere Blesséierten oder Doudesaffer koum, ass bis ewell onkloer.

Zuel un Doudege klëmmt op 547

Nei Satellittebiller weisen iwwerdeem déi ganz Ausmooss vun der Naturkatastroph, och wann et nach eng Zäitchen dauere wäert, bis een de geneeën Iwwerbléck huet. Dem leschte provisoresche Bilan vun e Freideg de Moien no si am Nepal 547 Mënschen ëm d'Liewe komm, wéi d'Waassermasse ganz Dierfer zerstéiert hunn. Ënnert den Affer sinn och vill auslännesch Touristen.

China huet d'Zuel vun den Doudesaffer och no uewe korrigéiert vun 3 op elo 5 Doudesaffer. De chineesesche CCTV mellt iwwerdeem e Freideg, datt déi 499 Awunner a 555 Touristen, déi am Katastrophegebitt festsouzen, a Sécherheet bruecht gi wieren. Wéi eng Nationalitéit déi Leit hunn, gouf net gesot.

Donieft ginn iwwer 1.400 Leit weiderhi vermësst. No hinne sollt eigentlech gesicht ginn. D'Sich ass awer wéi gesot wéinst der Iwwerschwemmungsgefor gestoppt.

Experte siche weider no der geneeër Ursaach vun der Katastroph. Den Ament geet et dovunner aus, datt e Stéck vun engem Gletscher sech geléist huet.

Back to Top
CIM LOGO