Background am Gespréich (27. Juni)Canicule: Wéi Lëtzebuerg sech un extrem Hëtzt upasse muss

Annick Goerens
E Samschdeg waren den Andrew Ferrone, de Charel Ferring an den Dr. David Heck an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.
Background am Gespréich zum Thema "Canicule"
"Wéi Lëtzebuerg sech un extrem Hëtzt upasse muss". Iwwert dat Thema hu mer mam Andrew Ferrone, de Charel Ferring an den Dr. David Heck diskutéiert.

Temperature vu 40 Grad, déi zu Lëtzebuerg nach virun e puer Joer kaum virstellbar waren. Wéi aussergewéinlech ass dës Hëtztwell wierklech? Gëtt dat do déi nei Realitéit? A wat heeschen esou Caniculle fir eis Gesellschaft: d’Gesondheet, d’Landwirtschaft, d’Aarbechtswelt an eis Stied?

Dat ware Samschdeg de Mëtteg eist Thema am Background. Invitéen am Studio waren den Andrew Ferrone, Klimatolog an Direkter fir europäesch an international Affären am Ëmweltministère, de Charel Ferring, President vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren, an de Generalist Dr David Heck.

Background am Gespréich - Hëtztwell zu Lëtzebuerg

Hëtztwellen: Déi nei Normalitéit?

Et wäert an Zukunft ëmmer méi dacks zu esou Caniculle kommen, do ass sech den Andrew Ferrone sécher. Et wier zwar ze verstoen, datt d’Leit Zweifelen hätten, mee déi wëssenschaftlech Donnéeë géingen awer fir sech schwätzen. Déi gréisste Gefor vun esou héijen Temperature geet vun der Dehydratioun aus, well een duerch d’Schweesse vill Kierperflëssegkeet verléiert, esou den David Heck.

Bei him an de Cabinet wieren awer net massiv méi Leit komm, wéi normalerweis. Et war awer de Constat, datt d’Spideeler mat méi Fäll confrontéiert gewiescht wieren, déi mat der Hëtzt a Relatioun stinn. E richtegen Hëtzschlag erkennt een iwwregens doduerch, datt ee Féiwer huet, d’Haut dréchen a rout gëtt, an een dronkeg a schlecht gëtt, esou den David Heck. Hien huet dann och nach eng Kéier dovunner ofgeroden, an der praller Sonn Sport ze bedreiwen. D’Leit géifen d’Gefor ënnerschätzen.

Klimaanlagen a méi gréng Plazen a Stied

Méi Klimaanlagen a Spideeler kéinten eng Äntwert dorop sinn, datt et an Zukunft wuel méi dacks zu esou Hëtztwelle komme wäert. Et wier dohier erstaunlech, datt rezent a Frankräich e ganz neit Spidol opgaangen ass, wou keng Klimaanlag installéiert gouf. Nieft Klimaanlagen an de Gebaier wier och méi Grénges op ëffentleche Plazen e Moyen, fir géint déi héich Temperaturen ze hëllefen, fënnt den Andrew Ferrone.

Mat Bléck op d’"Begréngung" vun den Dierfer a Stied huet hien och gemengt, datt et duerchaus Méiglechkeete gëtt, fir méi Grénges an d’Uertschaften ze kréien, ouni datt doduerch Manifestatiounen, wéi d’Schueberfouer um Glacis, net méi organiséiert kënne ginn. D’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer hat rezent gesot, et bräicht net méi gréng Plazen an der Stad Lëtzebuerg. Datt am Grand-Duché an deem Beräich an de leschte Jore schonn eppes geschitt ass, géif d’Renaturéierung vun der Péitruss weisen, och wann do nach ëmmer Loft no uewe wier. Datt et net ëmmer ganz séier géif goen, géif och un der Autonomie communale leien.

Déieren a Landwirtschaft ënner Drock

Vill Leit wiere verwonnert gewiescht, datt d’Hee net esou dréche war, wéi een dat hätt kënne mengen, esou de Charel Ferring. Dat hätt un der héijer Loftfiichtegkeet geleeën. Fir d’Béischte wieren déi aktuell Temperaturen iwwerdeems vill ze héich. Scho bei knapp ënner 20 Grad géing et ufänken, méi schwiereg ze ginn. A sengem Betrib hätten d’Déieren zu all Moment Accès zur Weed, wouvu si virun allem an der Nuecht profitéiere géingen. Zudeem géing ee mat grousse Ventilatore schaffen.

Aktuell kéint een nach net vun enger wierklecher Dréchent schwätzen. Mee wann et nach eng Woch esou weider géing, kéint et ufänken, problematesch ze ginn. Wat d’Kulturen ugeet, wier et ëmmer méi komplizéiert virauszegesinn, wat een uplanze soll. Et géif zwar eng Partie Pisten, dës wieren awer zum Deel mat engem méi héijen Asaz vu Planzeschutzmëttel verbonnen. Eng gëlle Léisung géif et net ginn.

Waasser gëtt eng ëmmer méi kapp Ressource

Wann een zu Lëtzebuerg d’Geméisproduktioun erweidere wéilt, misst een den Zougank zum Waasser verbesseren. Et géifen och schonn eng Partie Projete lafen, zum Beispill Réckhaltebecken, déi gebaut ginn. Et géif awer deels nach um politesche Wëlle feelen, huet de Charel Ferring gemengt.

Well d’Lëtzebuerger Flëss kleng sinn, erwierme se sech séier a gi Verknaschtungen net esou séier lass. Dowéinst misst ee besonnesch gutt op déi heemesch Gewässer oppassen, esou den Andrew Ferrone.

Klimaanlagen nëmmen do, wou se wierklech néideg sinn

Mat Bléck op d’Klimaanlage wier ee Problem, datt dës e groussen Energieverbrauch hunn. Dowéinst sollte se net iwwerall installéiert ginn, mee an éischter Linn op Plazen, wou se wierklech gebraucht ginn, wéi Spideeler an Altersheemer. T’ass nämlech nogewise ginn, dass déi vill Klimaanlagen a grousse Stied zu enger däitlecher Erwiermung bäidroen.

Schaffen an der Hëtzt: Brauch et nei Reeglen?

Well all Mënsch anescht op Hëtzt reagéiert, wier et schwéier pauschal Aussoe mat Bléck op d’Aarbechtskonditiounen ze maachen, huet den David Heck ze bedenke ginn. Et kéint ee sech awer e Beispill un anere Länner huelen, wou zu verschiddenen Dageszäiten net geschafft gëtt. Einfach alles zouzemaachen, wier éischter keng Léisung.

Am Klimaadaptatiounsplang wier virgesinn, eng Partie Mesurë mateneen ze verbannen an dës un déi verschidden Alerten unzepassen. Et wieren awer eng Partie Acteuren, déi do missten zesummeschaffen, esou den Andrew Ferrone.

D'Landwirtschaft muss sech nei opstellen

Déi jonk Bauere géinge sech vill mam Thema beschäftegen a vill ausprobéieren, och wann een heiansdo bäilafe géif, huet de Charel Ferring gemengt. Hien huet ze bedenke ginn, datt d’Erwaardunge vun der Gesellschaft un d’Baueren sech an de leschte Joerzéngte massiv geännert hätten: vun der Liewensmëttelsécherheet nom Krich hin zu Nohaltegkeet an Ëmweltschutz. Et wier een zudeem dacks vun internationale Präisser ofhängeg. Wann déi niddreg wieren an dann nach en niddregen Ertrag wéinst enger Dréchent dobäikéim, da géif et séier enk ginn.

Déi méi héich Temperature favoriséieren och, datt sech invasiv Aarten zu Lëtzebuerg néierloossen. Virun deem Hannergrond misst ee sech och drop astellen, datt déi Déieren nei Krankheete mat sech bréngen, gëtt den David Heck ze bedenken. Dat ass och fir d’Landwirtschaft e weidere Facteur, dee fir Drock suergt.

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen " Background " wielen.

Back to Top
CIM LOGO