Op der B53Schwéieren Accident bei Tréier, Air Rescue am Asaz

RTL Lëtzebuerg
Am Laf vum Dënschdegowend hate sech op der B53 zwee Gefierer ze pake kritt. E puer Persounen sinn dobäi blesséiert ginn.
Op der B53 hu sech zwee Autoen ze pake kritt
Op der B53 hu sech zwee Autoen ze pake kritt
© Agentur SIKO

En Dënschdeg den Owend ass et op der B53 op der Héicht vun der Sortie Trier-Quint zu engem schwéieren Accident komm. Éischten Informatiounen no sinn e puer Persoune blesséiert ginn. Zwee Gefierer waren aus bis ewell net bekannter Ursaach matenee kollidéiert.

Am Asaz war d'Polizeiinspektion Schweich, déi US-amerikanesch Military Police vu Spangdahlem, d'Rout Kräiz vun Ehrang a Schweich, d'Beruffspompjeeën an den Helikopter vun der Air Rescue. Wärend dem Asaz war d'Strooss am Beräich vum Accident gespaart ginn.

Back to Top
CIM LOGO