Am Laf vum WeekendIwwerfäll zu Iechternach an Esch, Abréch an der Stad an zu Géisdref

RTL Lëtzebuerg
Geklaut goufen ënner anerem eng Posch, e Laptop, Spillkonsolen a Smartphonen.
© Laurent Weber

Géint 23:30 Auer e Samschdegowend krut d'Police en Iwwerfall op der Gare zu Iechternach gemellt. Zwee Männer wieren hei vun engem Grupp Täter ëmstallt ginn. Dës hätten hinnen en Handy an eng Kreditkaart geklaut. Eent vun den Affer gouf beim Iwwerfall am Gesiicht an um Hals blesséiert an huet fir eng Kontroll missen an d'Spidol. Am Kader vun enger Enquête konnt d'Police zwee Verdächteger lokaliséieren.

E Sonndegowend gouf dann eng Persoun um Boulevard Kennedy zu Esch-Uelzecht attackéiert. Den éischten Erkenntnisser no sollen Affer an Täter sech kannt hunn. De Verdächtegen hätt eng Posch vum jugendlechen Affer ugemooss. Wéi dee Jonken dës zeréck wollt hunn, huet den Täter op hien ageschloen an ass duerno mat der Posch an enger Kap fortgelaf. Eng Mutz, déi op der Plaz vun der Dot fonnt gouf, ass confisquéiert ginn.

A béide Fäll gouf eng Enquête an d'Weeër geleet.

Da krut d'Police och eng Partie Abréch gemellt:

Géint 13:30 e Sonndegmëtteg gouf an engem Appartementshaus an der Areler Strooss an der Stad an d'Kelleren agebrach. 11 Kellere goufen hei duerchwullt. Éischten Erkenntnisser no wier Alkohol a Kamera-Material geklaut ginn. E weideren Abroch gouf dann zu Géisdref gemellt. Hei sinn d'Brigange wuel duerch eng Kellerdier an d'Haus komm. Geklaut goufen e Laptop, en Elektrovëlo, eng Rei Spillkonsolen an e puer Handyen.

Och hei goufen Enquêten an d'Weeër geleet.

Back to Top
CIM LOGO