An der GirondeBëschfeier op 14 Plazen nees opgeflaamt

RTL Lëtzebuerg
Fir déi nächst Deeg rechnen d'franséisch Autoritéite wéinst der Caniculle mat enger weiderer Verschlechterung vun der Situatioun.
© AFP

An der Gironde sinn op 14 Plazen d'Bëschfeier erëm opgeflaamt. Dat hunn déi zoustänneg Autoritéiten en Dënschdeg den Owend matgedeelt. D‘Situatioun kuerz virun der nächster Canicule an de kommenden Deeg ass deemno erëm méi schwiereg ginn fir déi ronn 3.000 Pompjeeën op der Plaz.

Et wier awer gelongen, méi wéi 120 Kilometer u Schneisen an de Bësch ze schloen, fir d‘Ausbreede vum Feier ze bremsen. Och dierfen d‘Awunner vun dräi Gemengen an der Géigend vu Bordeaux erëm zeréck an hir Haiser.

Back to Top
CIM LOGO