An Island huet sech eng knapp Majoritéit vun de Wieler géint Gespréicher iwwert ee méigleche Bäitrëtt vun hirem Land zur Europäescher Unioun ausgeschwat. Wat seet dat iwwert d'Attraktivitéit vun der EU aus? Dat froe mer e Méidneg de Moien den Ausseminister Xavier Bettel als eisen Invité vun der Redaktioun. Mam Lëtzebuerger Chefdiplomat schwätze mer ënnert anerem och iwwert d'Problemer vun der EU, fir eng gemeinsam Positioun vis-à-vis vun der israeelescher Siidlungspolitik an de Palestinensergebidder ze fannen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.