
D'Personal vun der Piscine hat de Mann aus dem Waasser bruecht an direkt mat Éischt-Hëllefsmoossname ugefaangen. D'Rettungsdéngschter an den Samusdokter hunn d'Reanimatioun weidergefouert. De Mann gouf an engem kriteschen Zoustand an d'Spidol bruecht.
En Donneschdeg de Moie gouf d'Police informéiert, datt hien am Spidol gestuerwe war.
D'Ëmstänn vum Virfall ginn nach ënnersicht.