Lëtzebuerg wier scho gutt opgestallt, fir op d'Hëtzt ze reagéieren, esou de Piraten-Deputéierte Marc Goergen en Donneschdeg am RTL-Interview. Hien huet allerdéngs d'Gestioun vun de Primärschoulen hannerfrot.
D'Pirate wiere keng Verfechter vun der Gemengenautonomie ewéi aner Parteien a fir si missten d'Primärschoulen allgemeng méi eng national Kompetenz ginn. D'Hëtzt géing op en Neits weisen, datt déi eng Gemenge gutt ekipéiert wieren an déi aner net.
Et géing e "Fleckenteppech" u Mesurë ginn an esouguer den Educatiounsministère hätt keng Iwwersiicht méi, esou de Marc Goergen. En nationaalt Hëtztfräi fir d'Schoulen hat de Minister Claude Meisch e Mëttwoch am Gespréich mat RTL ausgeschloss, dat mam Argument, datt Elteren an deem Fall och net méi kéinte schaffe goen.
De Piraten-Deputéierten huet gekontert, datt dat ebe grad de Problem wier: "Dofir soe mir jo och, datt een eng gewëssen Zäit, wou ee bei de Kanner kann doheem bleiwen, datt een dat soll bezuelt kréie vum Staat."
De Marc Goergen huet sech och fir Klimaanlagen ausgeschwat. A sengen Ae wieren déi net schlecht fir d'Ëmwelt an esouguer neutral, wann ee se géing un eng Solaranlag um Daach knäppen.
Scho virun der Hëtzt hat d'Regierung wéinst dem US-israeelesche Krich an der Hausse vun de Pëtrolspräisser eng Rei Mesuren ugekënnegt, fir d'Energietransitioun nach méi ze ënnerstëtzen – dorënner d'Erweiderung vun der Virfinanzéierung fir Photovoltaik, déi schonn annoncéiert war, op Wärmepompelen an op Elektrogefierer.
"Déi Mesurë sinn alleguerte ganz gutt", esou de Pirat.
Mee se kéimen ze spéit, elo wieren d'Pëtrolspräisser erëm gefall. Dann huet de Marc Goergen awer och gewarnt, datt ee mat Subsiden net kéint "iwwerdreiwen".
De Mesurëpäck vun der Tripartite vu viru gutt zwou Woche wier dem Piraten-Deputéierten no gutt "duerchgerechent", well Lëtzebuerg notamment duerch den Tanktourismus mat méi Recettë kéint rechnen. De Marc Goergen huet besonnesch d'Upassung vum Steierbarème un eng Indextranche begréisst, well seng Partei souwisou fir d'automatesch Upassung ass.
Op d'Fro, ob et néideg wier, datt Brutto-Gehälter vun iwwer 10.000 Euro de Mount elo 24 Euro zeréckkréien, huet hie geäntwert: "Et geet jo net dorëm, datt se eppes zeréckkréien! Dat hu se ze vill bezuelt."
D'Piratepartei wier allgemeng géint Steiererhéijungen. Fir Gerechtegkeet ze schafen oder fir ze verhënneren, datt d'Schéier tëscht klengen a grousse Revenuen weider wiisst, schwätzt se sech fir eng Deckelung vum Index aus.
Hirem Modell no géing een zum Beispill vun 10.000 Euro Brutto de Mount u mat enger Indextranche net méi 2,5% bäikréien, mee forfaitär eng Zomm vun 250 Euro.
Hien huet drop higewisen, datt am Index-Wuerekuerf notamment Liewensmëttel- oder Energiepräisser dra sinn. Wann een 20.000 Euro verdénge géing, géingen déi Präisser awer net esou staark klammen, datt ee 500 Euro duerch den Index bräicht.
D'Montanten, déi hie genannt huet, wiere Beispiller, um Enn misst "roueg" mat de Sozialpartner diskutéiert a festgeluecht ginn.
Den Drock op d'Léin ass vill op den deiere Logement zeréckzeféieren, dowéinst hu mir de Moien nach iwwert eng Mesure geschwat, déi d'Piraten zanter Jore proposéieren.
De Marc Goergen huet se an de Commentairen hei op RTL.lu esou resuméiert: "Mir géingen d'Locatioun aus dem normale Revenu eraus huelen, an dann den Taux ebe baséiert um Loyer fixéieren. Esou kann et wierklech interessant sinn, enger Famill et méi bëlleg ze verlounen. A jo dat wär eng grouss Reform."
Am Interview sot de Marc Goergen, d'Piraten hätten nach keng entspriechend Gesetzpropositioun gemaach, mee Motiounen dozou wieren an de leschte Joren ëmmer nees verworf ginn.
Genee esou ewéi hir Propos, datt een de Loyer soll kënne vun de Steieren ofsetzen: Wéi se an der Regierung war wier d'LSAP dogéint gewiescht. Elo wou se an der Oppositioun ass, hätt se déi selwecht Propos gemaach, esou de Marc Goergen.
En Donneschdeg de Moie war de Piraten hir Siicht op d'Tripartitesmesuren Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.