Invité vun der Redaktioun (27. Juli)Michel Simonis, Generaldirekter vun der Croix Rouge

Marc Hoscheid
E Méindeg de Moien sinn ënnert anerem de Mangel u Strukture fir Leit ouni Dag iwwert dem Kapp an d'Situatioun am Fleegesecteur Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

No 13 Joer als Generaldirekter vun der Croix Rouge ass fir de Michel Simonis den 1. August op deem Poste Schluss. Als Invité vun der Redaktioun schwätze mer mat him ënnert anerem iwwer de Fait, datt ëmmer méi Leit op sozial Servicer zeréckgräifen, de Mangel u Strukture fir Leit ouni Dag iwwert dem Kapp an d'Situatioun am Fleegesecteur.

Den Invité vun der Redaktioun héiert Dir wéi ëmmer direkt nom Noriichteniwwerbléck vun 8 Auer.

LIVESTREAM Radio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO