
Dat confirméiert de Santésministère op RTL-Nofro a verweist op Statistike vum EuroMOMO. De Projet sammelt d'Mortalitéitszuelen an Europa a mécht se ënnertenee vergläichbar - wann och mat verschiddene Virbehalter.
Sou gouf wärend der Hëtztwell Enn Juni eng signifikativ Iwwerstierflechkeet bei Leit iwwer 75 Joer festgestallt. An Zuelen heescht dat, datt Enn Juni ronn 50 eeler Persounen iwwer 75 Joer méi verscheet sinn, wéi dat soss an dëser Period an der Moyenne de Fall ass an et sech statistesch erwaart gi war. Dës Persoune sinn zum groussen Deel a Spideeler (35 Prozent) an Alters- a Fleegeheemer (19 Prozent) verscheet.
Bei de méi jonken Altersgruppe goufen iwwerdeem keng ze héich Zuele vun Doudesfäll festgestallt, déi aus der Norm gefall wieren. Wéi et vum Ministère heescht, wier et och net méiglech, bei engem Doud direkt festzestellen, ob d'Hëtzt och d'Ursaach war. Ze vill Hëtzt kann awer zum Beispill zu Dehydratioun bei eelere Mënsch féieren, Krankheete verschlëmmeren oder aner gesondheetlech Komplikatioune mat sech bréngen.
Wéi an der Grafik ze gesinn ass, waren d'Mortalitéitszuele fir Däitschland, d'Belsch, Frankräich, Lëtzebuerg an Holland am Normalberäich bis zu der 25. Woch vum Joer (15.06.2026 – 21.06.2026), ier se dunn däitlech geklomme sinn. Fir Lëtzebuerg an Holland ass den Effekt allerdéngs e gutt Stéck manner ausgepräägt gewiescht, wéi fir Däitschland, d'Belsch a Frankräich. An der Interpretatioun sollt ee beim Lännerverglach allerdéngs och virsiichteg sinn, heescht et vum Ministère. Vill Facteure spillen do mat eran.
Firwat Lëtzebuerg am Verglach zu den Nopeschlänner Frankräich, Belsch an Däitschland eng manner héich Iwwerstierflechkeet ze bekloen huet, kann net ofschléissend gesot ginn, allerdéngs huet de Ministère eis eng Rei Hypotheese matgeliwwert.
Zum engen ass déi demographesch Zesummesetzung vun der Populatioun am Grand-Duché eng aner, wéi an den Nopeschlänner. Zu Lëtzebuerg ginn et zum enge méi jonk Leit, virop d'Tranche vun de Leit tëscht 25 a 45 Joer ass méi staark vertrueden. Gläichzäiteg ginn et awer och manner eeler Leit am Alter vu 65 bis 79 Joer an iwwer 85 Joer.
Ausserdeem wier d'Hëtztwell selwer awer och jee no Plaz ënnerschiddlech schro ausgefall. Am Süde vu Frankräich goufe beispillsweis aner Temperature gemooss, wéi am Norde vu Frankräich. Virun allem d'Temperaturen an der Nuecht falen hei iwweregens an d'Gewiicht: Sougenannten "Tropen nuechten", an deenen d'Temperaturen net ënner 20 Grad falen, si besonnesch gesondheetsschiedlech a mussen deemno am Kader vun der Iwwerstierflechkeet an d'Viséier geholl ginn ginn.
Ma och an den Infrastrukturen ënnerscheet sech Lëtzebuerg vun den Nopeschlänner, heescht et an der Äntwert vun der Santé. Esou kéint d'Qualitéit vun den Infrastrukture fir eeler Leit – also notamment Alters- a Fleegeheemer – ee weideren Erklärungsusaz liwweren, firwat zu Lëtzebuerg d'Mortalitéit vun de Leit iwwer 75 Joer net esou ausgepräägt war, wéi an den Nopeschlänner. Vill Strukturen hei am Land hätte klimatiséiert Raim, wou dës Residenten hiren Dag verbrénge kéinten. Ausserdeem huet Lëtzebuerg awer och eng manner héich Bevëlkerungsdicht virop an de Stied, wéi eis gréisser Noperen.
De Ministère schafft aktuell zesumme mat de Spideeler och un neien Indicateuren, fir d'Doudesfäll nach méi genee ze determinéieren, déi an direkter Relatioun mat enger Canicule stinn. Och d'Spidols-Passagë vu Leit, déi vun der Hëtzt affectéiert goufen, sollen hei gekuckt ginn.
Donieft sollen aner Indicateuren entwéckelt ginn, fir den Impakt vun Hausvisitte bei eelere Leit iwwer 75 Joer wärend Hëtztperioden ze moossen. Och hei kéint sech erklären, firwat Lëtzebuerg am Lännerverglach besser ofgeschnidden huet. Am Grand-Duché géif et een Dispositif ginn, deen d'Prise en charge vun eelere Persounen iwwer 75 Joer, déi eleng wunnen, duerch medezinescht Personal virgesäit – an dat speziell och op Fäll vu Canicullen zougeschnidden.
Am Juni gouf et deemno och ee verstäerkten Dispositiv fir Sans-abrien an d'ITM wier verstäerkt op Chantiere gaangen, fir ze d'Aarbechter ze schützen a Recommandatiounen auszespriechen, heescht et vum Santésministère.