Ënnert den Doudesaffer war deen Dag och den Americo Luis Freywald Dos Santos, Chauffeur vum Adapto Minibus. Zanterhier ass fir d’Aline Freywald näischt méi, ewéi virdrun. “Et ass e Stéck matgaangen, wéi hie gestuerwen ass, vu mir, vun eis alleguerten.” E puer Deeg virum Accident hat d’Famill nach de 40. Gebuertsdag vun hirer Schwéiesch gefeiert. E puer Deeg drop war ee vun hire véier Kanner dunn net méi do.
D’Mamm beschreift hire Bouf als frëndlech, eng roueg Persoun, déi ëmmer hëllefsbereet an e Familljemënsch war. Hien ass reegelméisseg mat senger Bom akafe gaangen an huet seng Urgroussmamm am CIPA besicht. Doheem huet hien zwar vill um Computer gespillt, esoubal et awer ëm Zäit mat de Léifste gaangen ass, war den Americo do. “Hien ass Moies ëmmer fréi fortgaange fir op d’Aarbecht. An der Paus um 12 koum en dann erëm an egal wéi, wann ech an der Kiche war, dann ass en d’Trap eropgelaf komm. Dat war hien”, seet d’Aline Freywald. Den Americo hätt sech ëmmer fir jiddereen interesséiert a gefrot, wéi den Dag war. Owes hätt hie sech dacks bei seng Elteren op de Canapé gesat fir mat Fernseh ze kucken, a wa säi Papp mol a Portugal war, huet hie senger Mamm Gesellschaft geleescht. Dat sinn déi Momenter, an deenen hien haut feelt. “Hien war ëmmer mat mir zesummen. Seng Stëmm, alles feelt. Da geet een heiansdo Videoe kucken, einfach fir seng Stëmm ze héieren."
Et hätt laang gedauert, bis d’Famill wierklech realiséiert huet, wat den 1. September 2025 geschitt ass. Wéi d’Police um 23:30 Auer an der Nuecht geschellt hätt, huet d’Aline Freywald geduecht, et wier eppes mam Auto geschitt, respektiv hire Jong wier um Heemwee vun der Schaff bäigaangen. “Ech sot nach, wou ass en? An do sot ee vun de Polizisten: Nee, Dir verstitt net, et ass schlëmm… Dat ass mir deen Ament awer net an de Kapp eragaangen.”
Si huet hire Mann a Portugal ugeruff, am Haus huet déi Nuecht kee méi geschlof. “Dat ass wéi wann der op eemol e Steen op de Kapp kritt hätt. Ech weess just nach, dass meng Nopesch den Dag drop sot, si hätt mech héieren, wéi ech gebrëllt hätt, a geduecht, et wier eppes Schlëmmes geschitt. Mee ech ka mech net méi dorun erënneren.”
Haut kennt d’Aline Freywald den Detail vum Doud vun hirem Fils. Datt et Vitess an en Iwwerhuelmanöver waren, déi zum Accident gefouert hunn. Bis d’Famill des Informatiounen awer krut, huet et gedauert. “Mir sinn am Ufank näischt gewuer ginn. Mir krute just vun der Police gesot: dat an dat ass geschitt. Mee mir sinn am Fong alles aus de Medien an de soziale Reseaue gewuer ginn”, erënnert sech d’Mamm vu véier Kanner. Si hätte selwer no Informatioune gesicht an hir Meedercher, déi zum Deel nach am Lycée sinn, hätten op Videoen an de soziale Medie gesinn, wéi d’Camionnette mat hirem Brudder dra verbrannt wier.
Eréischt am Mäerz huet dem Americo seng Famill de PV (procès-verbal) vum Affekot ze gesi kritt. Eng Zort Gerechtegkeet gouf a gëtt et fir de Verstuerwenen a seng Hannerbliwwen net. “Et ass kee méi do. Bei wie kéint ee Justice siche goen?” Eréischt d’Erklärunge vun der Association nationale des victimes de la route hätten e bësse Kloerheet an d’juristesch Situatioun bruecht. Erliichterung koum doduerch fir d’Famill awer keng. Et géif vun der Assurance iwwer de Wäert vun der verbrannter Camionnette diskutéiert ginn, ma wéi eng Valeur hätt bei all deem d’Liewe vun hirem (deen Ament) 26 Joer ale Jong.
Nach haut ass en Deel vun der Famill a Betreiung bei Omega90. Et hätt ee probéiert sech psychiatresch Hëllef nom Accident ze sichen, ma d’Waardelëschte wieren iwwerall onméiglech laang gewiescht, esou d’Aline Freywald. Et wier gutt, mat Aussestoenden iwwer dat, wat geschitt ass ze schwätzen. Mee et hätt een ëmmer d’Angscht, d’Ëmfeld mat den eegenen Emotiounen ze belaaschten. “Et wëll een och net andauernd d’Leit domadder nerven. Wat bréngt dat souwisou, wann een ëmmer vun deem nämmlechte schwätzt? Dofir hält ee sech fir sech, mir sinn heibannen an da schwätze mir alleguer doriwwer.”
Op d’Fro, wéi et hir ee Joer nom tragesche Verloscht geet, äntwert d’Mamm just indirekt. Nach ëmmer géif si vu Leit op den Accident ugeschwat ginn déi d’Fakten net kennen, oder online Kommentare liese vu Leit, déi sech amëschen. “Dat si Saachen, déi un Iech ginn, déi wierklech ganz schlëmm un Iech ginn”, seet d’Aline Freywald. Och Floskelen à la “Dat ass d’Liewen” si fir d’Mamm en No-Go: “Do kréien ech eng Kris, well nee, dat ass net d’Liewen. D’Liewen ass net esou.” Et hätt ee vill Schlëmmes misse liesen, vill Onwourechten a vill Béisaartegkeet erlieft.
Do wou den Americo gestuerwen ass, steet haut e Radar. Et wier zwar gutt, datt d’Vitess elo op der N15 géif gemooss ginn, ma op enger riichter Stréck wéi tëscht Heischent a Feelen géif trotzdeem gerannt ginn, “well d’Leit net oppassen a gestresst sinn”, fënnt d’Aline Freywald. Op e Radar den Doud vun hirem Jong verhënnert hätt, doriwwer léisst sech just spekuléieren. Wat fir d’Mamm vum Americo bleift, ass de Verloscht, d’Trauer an d’Gefill, datt eng geféierlech Situatioun op der Strooss dofir gesuergt huet, datt fënnef Leit hu misse stierwen a Dosende Leit an hirem Ëmfeld fir de Rescht vun hirem Liewe mat de Konsequenze musse liewen.