
D'Luxair wäert bis d'Fuesent 2027 net méi op Dubai fléien. Déi fir dësen Oktober nei ugekënnegt Destinatioun Abu Dhabi wäert réischt Enn 2027 ugeflu ginn. Grond si déi aktuell geopolitesch Tensiounen am Noen a Mëttleren Osten. Aktuell ass virgesinn, d'Vollen op Dubai de 6. Februar d'nächst Joer nees opzehuelen. Well een d'Evolutioun vun der Situatioun op der Plaz awer beobacht, ass deen Datum net a Stee gemeesselt.
Vun en Dënschdeg u wäert Luxair déi concernéiert Cliente kontaktéieren, fir si iwwert déi verschidden Optioune fir e Remboursement vu kaaften Ticketen z'informéieren.
Bis dato wier 2026 e kommerziell schwieregt Joer gewiescht fir déi national Fluchgesellschaft, sou de Luxair-Generaldirekter Gilles Feith am Interview um 100,7. D'Nofro wier bei verschiddenen Destinatiounen zréckgaangen, sou datt d'Luxair mat sechs bis siwe Prozent manner Ëmsaz géing rechnen. Mat den Temperaturen, déi entretemps rëm falen, klammen d'Buchungen awer rëm liicht. Enkpäss mam Kerosin hätt ee keng gehat, sou de Feith weider. Iwwert den Hierscht an den nächste Wanter hofft een, en Deel vum Verloscht ze kompenséieren.
Datt United Airlines vun Abrëll 2027 un en direkte Vol tëscht Lëtzebuerg an Newark ubitt, huet de Luxair-Generaldirekter begréisst, sot gläichzäiteg awer och, datt Luxair weider eng Airline wäert bleiwen, déi sech op de regionale Marché konzentréiere wëllt. Et géif iwwer nei Destinatiounen nogeduecht ginn, wéi zum Beispill an Albanien oder an den nordesche Länner, well duerch d'Ausfäll op de Vollen op Dubai an Abu Dhabi déi Fligeren op alternative Strecke kéinten agesat ginn, respektiv d'Frequenz op aneren Ziler kéint gehéicht ginn.