Boeing 737-800-ProblematikLuxair rassuréiert séchere Betrib vun der Lëtzebuerger Flott

RTL Lëtzebuerg
Dat präziséiert den zoustännege Ministère a senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro.
© Luxair mat MandyCreighton/Getty Images/iStockphoto

D'Luxair rassuréiert: "Et gëtt aktuell keen Element, dat d'Lofttauglegkeet oder de séchere Betrib vun der Luxair-Flott a Fro stellt". Esou zitéiert d'Mobilitéitsministesch Yuriko Backes en Dënschdeg d'Lëtzebuerger Airline an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Piraten-Deputéierte Marc Goergen.

Den 10. Juli war eng Fënster vun enger Boeing 737-800 vu Ryanair wärend dem Vol futtigefuer, well e Stéck vum Motor lassgaange war an derwidder geknuppt war. E Passagéier gouf bal aus der Maschinn erausgezunn.

Nom Tëschefall hätt d’Luxair Inspektioune gemaach an et wiere keng weiderer néideg. D'Enquêtë sinn nach amgaang an d’Luxair stéing “am regulären Austausch” mat der Direction de l’aviation civile a géing all relevant Informatioune vun den zoustännegen europäeschen Autoritéiten an de Fliger- a Motorshiersteller verfollegen.

Hei déi komplett parlamentaresch Fro mat der Äntwert vun der Ministesch Yuriko Backes!

Back to Top
CIM LOGO