
De fréiere Premierminister Edouard Balladur ass e Méindeg zu Paräis am Alter vu 97 Joer gestuerwen. Dat huet dem Politiker seng Famill der Noriichtenagence AFP géintiwwer confirméiert.
Am strikte Familljekrees géing eng Mass gehale ginn, wier donieft preziséiert ginn.
De Balladur, deen 1929 an der Tierkei gebuer gouf, huet seng politesch Carrière an den 1960er-Joren am Ëmfeld vum Georges Pompidou ugefaangen. Méi spéit gouf hie Wirtschaftsinister an huet eng grouss Privatiséierungswell a Frankräich ageleet.
1993 gouf hie Premierminister, wärend sech säi laangjärege politesche Begleeder Jacques Chirac op d'Presidentschaftswalen 1995 virbereet huet. Zu senger Regierung hunn ënner anerem Nicolas Sarkozy a François Fillon gehéiert. Als Premier huet de Balladur weider Privatiséierunge virugedriwwen, d'Akommessteier reduzéiert an d'Reform vun de Pensiounsbedingunge virgeholl.
Bei de Presidentschaftswalen 1995 ass hien iwwerraschend géint säi fréiere Frënd a Rival Jacques Chirac ugetrueden. Hie krut 18,5 Prozent vun de Stëmmen a gouf am éischten Tour eliminéiert. Duerno huet hien zur Wiel vum Chirac opgeruff, deen d'Wale gewonnen huet.
No senger Néierlag ass de Balladur lues a lues aus der éischter Rei vun der franséischer Politik verschwonnen. Ënner dem President Nicolas Sarkozy krut hien awer nach verschidde Missiounen, ënner anerem zur Reform vun den Institutiounen an zur territorialer Organisatioun vu Frankräich. Hie blouf bis am héijen Alter eng wichteg Figur um rietse politesche Fligel.