
Den éischten Informatiounen no gouf eng Persoun, déi hei mat hirer E-Trottinett ënnerwee war, vun engem Auto ugestouss.
An deem Zesummenhang sicht d'Police no Zeien, déi den Accident gesinn hunn oder soss Aussoen iwwert den Oflaf vum Onfall respektiv zum Auto oder dësem sengem Chauffer kënne maachen. Alleguer d'Informatioune si fir de Policekommissariat vun Ettelbréck. Dat ënnert der Telefonsnummer 244 84 1000 oder per Mail u "police.ettelbruck@police.etat.lu".