Wéinst E.coli-Bakterien Platte Péiterséileg vun der Mark Picard zeréckgeruff

RTL Lëtzebuerg
D'ALVA huet e Mëttwoch am Nomëtteg ee weidere Réckruff lancéiert. Dës Kéier betrëfft et e Pak platte Péiterséileg fir an den Tifküler.
© RTL Grafik

Wéi et am Schreiwes vun der Veterinär- a Liewensmëttelverwaltung heescht, wieren E.coli-Bakterien nogewise ginn.

Vum Réckruff betraff ass de Pak vun 250 Gramm mam Oflafdatum op den 29.11.2027 an der Lot-Nummer "26CD000307". De Pak Péiterséileg fir an en Tifküler kritt ee bei Picard ze kafen.

Weide Informatioune fannt Dir och un Internetsite vun LU-Alert.

En Dënschdeg scho war et zu engem Réckruff komm.

Back to Top
CIM LOGO