Aus dem PolicebulletinPolice mellt Festnam no Abréch an der Stad

RTL Lëtzebuerg
Lescht Woch en Donneschdeg koum et am Laf vum Moien zu enger Rei Abréch a Geschäfter a Gefierer uechter d'Stad, woubäi och e Verdächtege konnt festgeholl ginn.
© Laurent Weber

Am fréie Moie géint 3:30 Auer gouf e versichten Abroch an e Liwwerwon an der Rue Fort Wallis bei der Gare gemellt. Ier et zum versichten Abroch an d'Camionnette koum, soll de presuméierten Täter als éischt nach versicht hunn, an eng Bäckerei an der Géigend anzebriechen. De Mann konnt spéider vun enger Patrull um Boulevard Roosevelt ugetraff ginn, hien hat Blessuren a gouf medezinesch versuergt. D'Wonne koumen der Police no vun engem Abroch an e Lokal an der Rue de Chimay. De Verdächtege gouf festgeholl, hie koum op Uerder vum Parquet en Donneschdeg am Nomëtteg virun den Untersuchungsriichter.

Dee selwechte Moie goufen der Police eng Rei Abréch a Lokaler an der Uewerstad gemellt, ënner anerem och an der Groussgaass. Bei zwee Gebaier waren d'Fënstere futtigeschloen, op enger Plaz ass eng Keess geklaut ginn, déi gouf kuerz duerno bei enger Entrée fonnt. Aus dem anere Lokal goufen eng Rei Alkoholfläsche geklaut. Et géifen der Police no Hiweiser drop ginn, datt de Mann, dee scho festgeholl gi war, och fir dës Dote kéint responsabel sinn.

Back to Top
CIM LOGO