No AusernanersetzungEng Persoun um Iechternacher e-Lake um Kapp blesséiert

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Méindeg gouf der Police géint 4 Auer eng blesséiert Persoun um Iechternacher e-Lake-Festival gemellt.
© Sven Benz

Wéi d'Police mellt wier d'Persoun éischten Informatiounen no mat engem Géigestand geschloe ginn. No der Dot konnt ganz an der Géigend ee Verdächtegen ermëttelt ginn, bei deem een Alkoholtest gewisen huet, datt hien ze déif an d'Glas gekuckt huet.

D'Affer hat zwou Blessuren hannen um Kapp a koum an d'Spidol. D'Ermëttlungen zu den Hannergrënn an dem Oflaf vum Sträit gi weider, heescht et nach vun der Police.

An der Nuecht op e Méindeg gouf et dann nach zwee aner Asätz, wou d'Police jeeweils eng Persoun mat op de Büro geholl huet, fir auszeniichteren.

Géint 23:30 Auer war et am Spidol um Kierchbierg eng Persoun, déi haart gebläert huet a probéiert huet, op d'Mataarbechter ze späizen. Hie war staark alkoholiséiert a war eng Gefor fir sech an aner Leit, esou datt hien an d'Ausniichterungszell koum.

Zu Esch gouf et géint 0:30 Auer ee Virfall, wéinst deem d'Police an ee Café geruff gouf. Wou d'Musek bis aus war an d'Gäscht bausse waren, ass de Beamten ee Mann opgefall, dee staark alkoholiséiert war an net wollt heemgoen. Hien huet ëmmer nees probéiert, zeréck an de Café ze goen. Och hie koum mat op de Büro, well hie sech onkooperativ verhalen huet.

Back to Top
CIM LOGO