Gléck um SpillautomatRekord-Jackpot vum Joer am Casino zu Munneref geknackt

RTL Lëtzebuerg
E gléckleche Gewënner ass e Samschdeg mat iwwer 200.000 Euro aus dem Casino zu Munneref heem gaangen – den héchsten Jackpot vum Joer.
Gewonne gouf d'Zomm un engem Spillautomat.
© JULIEN DE ROSA/AFP

Am Casino 2000 zu Munneref ass e Samschdeg en neie Rekord-Jackpot fir d'Joer 2026 geknackt ginn. De gléckleche Gewënner aus Däitschland huet 201.340 Euro gewonnen a konnt de Moment zesumme mat senge Frënn feieren, heescht et an engem Communiqué vum Casino 2000.

Gewonne gouf d'Zomm um Spillautomat "Book of Ra".

Den Donnéeë vum Casino no ginn am Duerchschnëtt all Mount méi wéi 25 Milliounen Euro u Gewënner ausbezuelt.

Back to Top
CIM LOGO