Strategesch Autonomie: dat ass d'Stéchwuert fir den "Industry Day" vun der Industriellefederatioun FEDIL, deen en Donneschdeg de Mëtteg ufänkt. Wei kann d'Lëtzebuerger- an d'EU-Industrie méi kompetitiv ginn? Wéi eng Secteure si besonnesch concernéiert? A wei kann ee méi Autonomie ëmsetzen, ouni ze vill protektionistesch ze sinn? Dat froe mer den Direkter vun der FEDIL. De René Winkin ass kuerz no 8 Auer eisen Invité vun der Redaktioun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.