Sonndeg, den 22. August war den Dag, op deem si sech kennegeléiert hunn, direkt den Dënschdeg duerno hu si sech erëm gesinn. “Mir sinn direkt zesumme bliwwen.”
De Pierre gouf net direkt dem Roland sengen Eltere virgestallt. Dës hätte sech net virgestallt gehat, dass ee vun hire Bouwen homosexuell wier. Mee am Endeffekt wier dem Roland säi Papp méi frou gewiescht mam Pierre, ewéi mat sengem eegene Jong a si hätte sech immens gutt verstanen.
Wéi d'Bestietnis vu gläichgeschlechtleche Koppelen 2015 legal gouf, hu si sech um 2. Januar direkt bestuet. Si waren déi zweet homosexuell Koppel, déi zu Lëtzebuerg bestuet gouf. “Mir hunn et net fäerdeg bruecht, fir déi éischt ze sinn,” seet de Roland, mee am Endeffekt wier dat och net wichteg gewiescht.
Déi éischt Koppel waren de Jean-Paul Olinger an den Henri Lorenzo Huber, déi um Feierdag, direkt um 1. Januar, hir Hochzäit haten.
Souwuel de Pierre, ewéi och de Roland hätten ni wierklech Erfarunge mat Haass an Homophobie gemaach a si kennen eng Rei Leit, déi och ni Probleemer domadder haten. Par contre kenne si der och, déi et effektiv méi schwéier haten, an der Famill oder an der Gesellschaft.
De Pierre zielt vun engem Video, deen hie gesinn huet vun engem 18 Joer ale Jong, dee vu senger Mamm aus dem Stot gehäit gouf, well en homosexuell ass. “Dat kann dach net sinn,” seet de Roland. “De Jong deet mir leed, mee virun allem deet mer seng Mamm leed. Et kann dach keen dofir, dass en déi Tendenz huet.”
Op enger Pride war de Pierre ni dobäi, hien hätt ni de Besoin gehat, fir bei engem Ëmzuch ze participéieren, vu dass hien ni Probleemer hat, wat d'Akzeptanz vu senger Sexualitéit ugeet. Hie versteet, dass eng Pride organiséiert gëtt, zweiwelt awer drun, wéi effikass et wierklech ass. Et misst een am Austausch mat de Leit sinn, déi net déi selwecht Meenung deelen. Ob eng Parad de richtege Wee ass, weess hien net.
Op d'Fro, wat dann d'Rezept ass fir eng glécklech, laangjäreg Bezéiung, ass d'Äntwert, fir deen aneren do ze sinn, awer och Fräiheete ginn. “Mir sinn u sech grondverschidden”, seet de Pierre Dillenburg. Déi schéinste Momenter wiere bis elo déi gewiescht, an deene si an hirer Intimitéit eleng waren, mat hire Kazen, oder op Reesen uechtert d'Welt.
“Hien ass fir mech deen Atom, ouni deen ech net méi kéint liewen,” seet de Pierre Dillenburg iwwert säi Partner. "Wann et hien net méi géing ginn, da géif d’Haaptsaach a mengem Liewe feelen.”