Den norwegesche Kinnek Haakon huet en Dënschdeg kuerz no 13 Auer als neie Monarch säin Eed am norwegesche Parlament ofgeluecht. Hien huet domadder op d'Verfassung geschwuer, dem Vollek ze déngen. Seng Fra, d'Kinnigin Mette-Marit, konnt net un der Zeremonie deelhuelen, well si no hirer Longentransplantatioun nach net nees ganz fit ass.
"Ech verspriechen a schwieren, d'Kinnekräich Norwegen senger Verfassung a senge Gesetzer no ze regéieren. Wëll den allmächtegen an allwëssende Gott mir bäistoen", sot den Haakon VIII., deen e Freideg nom Doud vu sengem Papp Kinnek gi war.
Vun en Dënschdeg de Mëtteg 14 Auer un ass sengem verstuerwene Papp, dem Kinnek Harald, säi Sarg dann och an der Schlass-Kapell zu Oslo opgeboort, wou d'Leit wärend enger Woch kënnen defiléieren, fir him Äddi ze soen. Dat offiziellt Begriefnis ass dann den 9. September 2026.