
Am Kader vu Kontrollen, déi zanter e puer Joer reegelméisseg vun der Inspection sanitaire vun der Direction de la santé gemaach ginn, gouf rezent d'Presenz vun der Tigermustik zu Bouneweg nogewisen. An Europa ginn et ëmmer méi Fäll vu Krankheeten, déi vun dëser Mustik iwwerdroe ginn, dat och an der Regioun ëm Lëtzebuerg. A Frankräich ginn zum Beispill all Summer Fäll vun Dengue-Féiwer a vum Chikungunya gemellt.
Zanter 2023 gouf d'Tigermustik schonn e puer Mol zu Bouneweg nogewisen. Dass si reegelméisseg am Quartier present ass, wier en Unzeechen dofir, dass si sech méiglecherweis do implantéiert hätt, heescht et an engem Schreiwes vun der Santé. An deem Kontext wäert d'Inspection sanitaire d'Awunner doriwwer informéieren, wat ee ka maachen, fir eng weider Ausbreedung ze verhënneren. Mataarbechter vun der Inspection sanitaire wäerten dofir e Mëttwoch tëscht 16 an 20 Auer an der Zon ëm de Quartier Kaltreispark zu Bouneweg vun Dier zu Dier goen, fir mat de Leit ze schwätzen. D'Mustik gouf an dëser Zon detektéiert.
D'Tigermustik leet hir Eeër a stoend Gewässer an der Géigend vu Logementer, dat och a ganz kleng Quantitéite vu Waasser. Dowéinst ass et d'Recommandatioun vun der Santé, Gefäässer, an deene sech Waasser ka sammelen, op d'mannst ee Mol d'Woch eidel ze maachen. Et sollt een dës dann och ofdecken. D'Kullangen an d'Offlëss sollen awer fräi bleiwen. Behälter, an deene sech Waasser ka sammelen, sollten dann och an zoue Raim gestallt ginn. Donieft kéinte Mustiken-Netzer un de Fënsteren an iwwert dem Bett opgehaange ginn.
Op follgende Sitten fannt Dir weider wichteg Informatiounen: