
OGBL an LCGB nennen d'Fermeture inakzeptabel. Nieft dem mënschleche Leed fir d'Salariéen an hir Famillje wier et eng extrem pré-occupant Situatioun fir déi ganz Industrie am Land. Zanter 2007, mat der Fermeture vun TDK zu Käerjéng, wier et déi gréissten Industrie-Firma, déi hei am Land zoumécht. D'Salariéeë wieren elo Affer vun enger strateegescher Decisioun vun enger Multinationale, déi ëmmerhin e Joresëmsaz vun enger Dose Milliarden Euro realiséiert. Eng strikt Fermeture, ouni dass iwwer Alternativen nogeduecht géif, déi d'Aarbechtsplaze kéinten erhalen, wier de Syndikater no net ze toleréieren. Et huet een dowéinst schonns eng Drénglechkeetsreunioun bei de Ministeren Delles a Spautz gefrot.
Um RTL-Mikro preziséiert den CSV-Aarbechtsminister Marc Spautz, datt ee scho vu Gewerkschaften an dem Betrib kontaktéiert gi wier. Gespréicher sollen d'nächst Woch sinn:
"Well dat och ënnert der Ekonomie mam Wirtschaftsminister ass, wäerte mir do de Betrib gesinn an d'Leit och héieren, wat do genau lass ass a wat fir eng Konsequenzen dat kann hunn. An et ass dann och wichteg, dass mer dann do déi sozial Begleedunge kënne maache fir déi Leit, déi dovu betraff sinn an dass mer eis do zesummesetzen. Et ass elo schwiereg schonn ze soe wat genau geschitt. Mee dat wäert d'nächst Woch stattfannen."
Den LCGB-President Patrick Dury schwätzt vun enger Katastroph fir den Industrie-Standuert Lëtzebuerg. Hien erënnert dann och drun, datt an der Tripartite iwwer eng Cellule de Reclassement diskutéiert ginn ass, fir an esou Fäll de Salariéë besser kënnen ënnert d'Äerm ze gräifen:
"Et ass eng Katastroph fir den Industriestanduert Lëtzebuerg. Et ass eng Katastroph fir déi Leit, déi do schaffen. An an deem Sënn musse mer elo Mesurë fannen, fir déi Leit net an de Chômage ofrutschen ze loossen, mee déi Leit opzefänken. An der Tripartite hu mer vun der Cellule de reclassement geschwat. An ech mengen elo wier u sech de Moment komm fir ze kucken, wat maache mer, wa mer wëssen, dass de Betrib ophält, fir u sech esou schnell wéi et geet déi Leit an eng aner Aarbecht ze bréngen. Ouni Chômage eventuell mat Formatiounen a Begleetmoossnamen."