Invité vun der Redaktioun (26. Juni) - Tilly MetzKonservativ maachen onmënschlech Migratiounspolitik a verwässere Klimaziler

François Aulner
E Freideg de Moie waren d'Klima- a Migratiounspolitik Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Tilly Metz
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

"Dat mécht mech immens rosen an ech sinn immens enttäuscht": Déi gréng Europadeputéiert Tilly Metz huet hire Frust mat de Konservativen am Europaparlament e Freideg de Moien op RTL zum Ausdrock bruecht. Dobäi goung et just ëm zwee Themen: d'Klimapolitik an den neien Asyl- a Migratiounspak. Hei géingen déi Konservativ mat de Rietsextremen eng onmënschlech Spuer fueren. Am Duo géinge si d’Klimaziler dann och nach verwässeren.

D'Wëssenschaft ass kloer, esou d’Tilly Metz: Hëtzten ewéi déi aktuell wäerte méi heefeg an intensiv ginn. D’Gesondheet vun de Leit an d’Infrastruktur géingen drënner leiden. Upassungen am Alldag wieren natierlech ubruecht, mee der grénger Europadeputéiert no misst virun allem déi "massiv Dereguléierung" ophalen, déi vun de Konservativen a Rietsextremen aktuell géing bedriwwe ginn. D’EU-Memberstaate géingen doriwwer nodenken, d’Klimaziler a Limitte fir d’Deforestatioun no hannen ze verréckelen. De Verbuet vun neie Verbrennungsmotore gouf schonn zeréckgezunn. Wann een haut nach vum “Green Deal” géing schwätzen, géing een als Ideolog vernannt ginn.

Mir hu gefrot, ob d’EU dann net awer eng staark Wirtschaft bräicht, fir géint d’USA a China unzekommen. Déi gréng Europadeputéiert huet dat als “Silodenken" bezeechent. “Ewéi wann Ëmwelt a Klimawandel näischt mat der Wirtschaft ze dinn hätten. Dat ass jo net esou”, esou d’Tilly Metz.

Déi “immens Konsequenze vum Klimawandel hätten en direkten Impakt op d’Wirtschaft. Béid géinge Hand an Hand goe mat sozialer Gerechtegkeet och, well grad physesch an ekonomesch vulnerabel Leit am meeschte betraff wieren. D’EU-Deputéiert huet betount, datt och déi Betriber, déi an d'Dekarboniséierung investéiere géingen, déi resilientst wieren. Si huet och d’Beispill vu China genannt, wou scho laang massiv an d’Elektromobilitéit investéiert gouf.

“En ICE-System à la Donald Trump”

Als "fundamental Attack op d’Mënscherechter" huet d’Tilly Metz dann den neien Asyl- a Migratiounspak genannt, deen d’Europaparlament – haaptsächlech mat de Stëmme vu Riets a Rietsextrem – d’lescht Woch guttgeheescht huet. Méi genee geet et ëm d’Retoure vu Leit ouni Openthaltsgeneemegung an Drëttlänner. Déi gréng Europadeputéiert huet präziséiert, datt Leit kënnen a Länner transferéiert ginn, zu deene se guer kee Bezuch hätten. Donieft kéinte Leit – och Mannerjäreger – festgehale ginn oder den Handy ewechgeholl kréien.

Eng Rei Sozialdemokraten an zwee gréng Europadeputéierter hunn den neien Dispositif awer och guttgeheescht. D’Tilly Metz sot, si hätt net mat hinne geschwat, se kéint hire Vott net verstoen, och wa si spekuléiert huet, datt et mat der nationaler Situatioun vun deenen EU-Deputéierten eppes kéint ze dinn hunn. Egal wéi wier et e Skandal an nach méi skandaléis wier, datt Europadeputéierter nom Vott am EU-Parlament “send them back» (“schéckt se zeréck”, nvdr) geruff hunn. Déi gréng EU-Deputéiert huet déi nei Reegelen als “europäeschen ICE System à la Donald Trump” bezeechent.

Si huet op en Appell vu 200 ONGen higewisen, déi opgeruff haten, d’Ännerungen un der Asyl- a Migratiounspolitik net ze stëmmen an op der anerer Säit op e Whatsapp-Grupp, vun deem si héieren hätt, wou en Deel vun de Konservative vun der EVP an Rietsextremen dra gewiescht wieren.

Si wier d’accord, datt een iwwer Migratioun schwätze soll an ee Reegele bräicht. Mee: “dat do ass carrement onmënschlech”, esou d’Tilly Metz.

E Freideg de Moie waren d'Klima- a Migratiounspolitik Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO