
Um Findel sinn en Donneschdeg 36,3 °C gemooss ginn, den héchste Wäert, deen zanter den Opzeechnungen 1947 am Mount Juni um Findel gemooss gouf. Den ale Rekord louch bei 35,4 Grad, gemooss den 22. Juni 2017.
Op Nofro krute mir gesot, dass dëse Wäert wuel an den zwee nächsten Deeg nach eng Kéier wäert gebrach ginn.
De 25. Juli 2019 war dee bis elo wäermsten Dag, deen um Findel gemooss gouf, mat genee 39 Grad Celsius.
Weider Informatiounen iwwer Duerchschnëtts- a Maximalwäerter bei den Temperature ginn et op Meteolux.lu.