
2.200 Schüler méi ginn dëst Joer am Grand-Duché an d'Schoul. Dat ass ee Plus vun 1,8 Prozent am Verglach mat zejoert. Déi Zuel huet den Educatiounsminister Claude Meisch en Donneschdeg de Moien op der Pressekonferenz zu der Rentrée genannt. D'Schoule stinn awer och viru villen Erausfuerderungen, wéi d'Resultater aus der neier PISA-Etüd gewisen hunn.
Den Zesummenhang tëschent dem sozio-ekonomeschen Hannergrond vun de Schüler an de schoulesche Leeschtungen wier weiderhin eng grouss Erausfuerderung, esou den zoustännegen DP-Minister. Deemno wier dës Rentrée och eng "Rentrée vun der Gerechtegkeet". De Claude Meisch ass iwwerzeegt mam Projet "Alpha" a mam Eropsetze vun der Schoulflicht bis 18 Joer hätt ee schonn eng Partie Äntwerte geliwwert.
D'Responsabilitéit léich awer net eleng bei der Schoul. D’Schoul kéim net an d'Liewensrealitéit vun de Kanner. Si kéint net owes doheem sëtzen a virliesen oder de Smartphone ewech huelen um 22 Auer, wann d'Elteren dat net maachen.
Wat de Gebrauch vum Handy ugeet, esou huet den Educatiounsminister ugekënnegt de Smartphone-Verbuet nach eng Kéier wëllen op de Leescht ze huelen, respektiv ze verschäerfen. Déi éischt dräi éischt Joer sollt ee keen Handy mat an de Lycée bréngen oder et misst een en op d'Säit leeën déi ganzen Zäit. PISA géing weisen, datt d'Notze vum Smartphone a vun de soziale Medien eng Verschlechterung vun de Schoulleeschtunge mat sech bréngt.
Och de Projet Alpha soll weider ausgebaut ginn. Aktuell géinge sech nach vill organisatoresch Froe stellen, gëtt de Claude Meisch zou. An den nächste Woche géing nach emol eng Informatiounscampagne fir de breede Public gemaach ginn.
Vun dëser Rentrée gëtt iwwerdeems a 17 Lycéeën eng 7ième op Franséisch ugebueden. Zejoert waren et der nach 6. Parallel solle vun der nächster Rentrée un, also 2027, awer och däitschsproocheg Sektiounen an dräi Lycéeën ugebuede ginn, dat am Kader vun engem Pilotprojet.