Xavier Bettel"Et muss een d'Suerge vun de Leit verstoen a Léisunge fannen"

Jeannot Ries
Den Ausseminister war e Méindeg Invité vun der Redaktioun an huet ënnert anerem den ze relaxen Ëmgang vun der EU mam israeelesche Minister Itamar Ben-Gvir kritiséiert.
"Et muss een d'Suerge vun de Leit verstoen a Léisunge fannen"
Den Ausseminister war Invité vun der Redaktioun an huet ënnert anerem den ze relaxen Ëmgang vun der EU mam israeelesche Minister Itamar Ben-Gvir kritiséiert.

De Xavier Bettel bedauert, datt et op EU-Niveau net gelongen ass, Sanktioune géingt de Ben Gvir an aner israeelesch Ministeren ze huelen. Et géif net emol eng Majoritéit ënnert de 27 Länner. Dat géif frustréieren, sou den Ausseminister, dee bestätegt huet, et géif ee préiwen, op Lëtzebuerger Niveau Sanktiounen ze huelen.

Wéi mat der russescher Invasioun vun der Ukrain ëmgoen? Am Ament, wou vill iwwer eng weider massiv Eskalatioun, déi vu Moskau ausgoe géif, diskutéiert gëtt? En anert waarmt Eisen, bei deem d'Meenungen an der EU ausenaner ginn.

Direkt virun onser Hausdier steet nächste Sonndeg an Däitschland eng Landtagswal un, déi polariséiert. A Sachsen-Anhalt kéint d'AfD d'Hürd vun de 40 Prozent un Zoustëmmung knacken an deemno eng éischt Kéier eleng an engem Bundesland regéieren. En Trend no Riets, deen dem liberale Xavier Bettel ze denke gëtt. Net just, wat Däitschland ubelaangt. Ma och a Frankräich oder a Groussbritannien.

Den Ausseminister schwätzt d'Onsécherheetsgefill un a begréisst, datt elo zu Lëtzebuerg d'Comparution immédiate agefouert gëtt. Fir dat d'ëffentlech Hand Meeschter am eegene Land bleift, sou den DP-Politiker. Wie Sécherheet net eescht huele géif, krich Problemer.

Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO