No 32 Joer op der Tëlee2027 ass Schluss mat der Sendung "Unter uns"

RTL Lëtzebuerg
D'Fans vun der Soap, déi zënter den 90er Jore feste Bestanddeel vum Programm op RTL an Däitschland ass, dierften alles anescht wéi begeeschtert sinn.
© HORST GALUSCHKA/dpa Picture-Alliance via AFP

RTL zitt e Schlussstréch ënnert d'Emissioun "Unter Uns", dat mellt op alle Fall den offizielle Profil vun der Sendung op de soziale Medien. Wéi et hei heescht, wier et no 32 Joer "Léift, Frëndschaft, Intrigen, Laachen a Kräischen" eriwwer. Zënter Enn November 1994 leeft "Unter uns" ouni Ënnerbriechung a gehéiert domadder zu deene Soaps an Däitschland, déi am längsten um Stéck lafen.

Weider heescht et, dass RTL "Unter uns" net wéilt weiderféieren, eppes dat net nëmme fir d'Fans, ma och fir d'Ekipp vun der Soap e Schock wier. An engem Post seet ee scho mol der Ekipp an dem ganze Cast Merci fir d'Energie, déi all déi Joren an déi däitsch Daily Soap gestach ginn ass.

Bis Enn vum Joer gëtt nach gedréint, déi lescht Episod soll dann am Mäerz 2027 lafen an dono ass et dann definitiv eriwwer. No "Gute Zeiten, schlechte Zeiten", dat jo och um däitschen RTL leeft, ass "Unter uns" wuel déi bekanntsten Daily Soap op der däitscher Tëlee.

Back to Top
CIM LOGO