
Wann esou e Band ronderëm en Uebstbam hänkt bedeit dat jo, datt ee sech do zerwéiere kann.
Zu Lëtzebuerg huet de Landwirtschaftsministère déi Initiative viru 5 Joer agefouert, fir datt manner Liewensmëttel verbëtzt ginn.
Uebst, dat soss dacks erof fält a fault, gëtt op déi Manéier valoriséiert an anengems ginn d'Leit fir eng lokal a saisonal Ernierung an d'Biodiversitéit sensibiliséiert. Ganz niewebäi gëtt och nach dacks de Kontakt tëschent de Leit gestäerkt.
Zu Villerupt hänkt un 69 Beem e gielt Band, donieft maachen och d'Gemengen Audun-le-Tiche an Ottange mat, wann och mat manner Beem.
Bei eis ginn et scho 75 Gemengen déi am Boot sinn an et dat gielt Band hänkt u ronn 4.500 Beem.

Net just fir schéin ze maachen. D'Landwirtschaftsministesch Martine Hansen seet, et géif och fläisseg gepléckt ginn a se wier ganz houfreg, datt en einfache Projet, fir eppes géint d'Liewensmëttelverschwendung ze maachen, och iwwert d'Grenzen eraus Fouss faasse kann.
Informatiounen iwwert d'Gemengen, déi matmaachen, wou déi 4.500 Beem stinn a wéi en Uebst een do plécke kann fënnt een op antigaspi.lu.