Äntwert vum Inneminister Gloden Zanter Ufank 2022 bis haut goufen et hei zu Lëtzebuerg 513 Bësch- a Vegetatiounsbränn

RTL Lëtzebuerg
466 Mol hu Wisen, Felder oder Gestrëpps gebrannt, 46 mol Bëscher. Dat geet aus der Äntwert vum Inneminister Gloden op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP ervir.
© Domingos Oliveira

Am uergste war et deemno am Joer 2022 mat 192 Bränn.Dëst Joer goufe bis ewell 85 Vegetatiounsbränn registréiert an 8 Mol huet et am Bësch geflaamt.

De Risk, fir esou Bränn géif am ganze Land bestoen, natierlech besonnesch, do wou d’Agrar-Aktivitéit méi grouss ass.

Notamment dann, wann de Karschnatz ass, well da méi op de Felder geschafft gëtt.

Hei geet et bei d'QP

An der Annex zu der Parlamentarescher Fro ginn et och d'Detailer zu den eenzelen Infraktiounen am Kader vun Bësch- a Vegetatiounsbränn.

PDF: D'Annex vun der QP 4439

Back to Top
CIM LOGO