Diddeleng-Beetebuerg a Capellen-WandhaffVéier Blesséierter bei zwee Accidenter um Samschdeg de Moien

Andy Brücker
Beim Accident tëscht Capellen an dem Wandhaff goufen eleng 3 Persoune verwonnt.
© Laurent Weber

E Samschdeg de Moie géint 7:40 Auer huet et um CR 161 tëscht Diddeleng a Beetebuerg gerabbelt. Wéi de CGDIS schreift, ass hei een Auto accidentéiert an eng Persoun gouf verwonnt. Op der Plaz waren d'Pompjeeën an d'Ambulanz vun Diddeleng.

Géint 10 Auer sinn op der Streck tëscht Capellen an dem Wandhaff zwee Gefierer net laanschtenee komm. Bei deem Accident sinn net manner wéi 3 Persoune verwonnt ginn. D'Pompjeeën an d'Ambulanz vu Mamer waren op der Plaz a si kruten Ënnerstëtzung vun enger Ambulanz vu Stengefort.

Back to Top
CIM LOGO