Alkohol um SteierZwee Automobiliste sinn opgefall, well se d'Riicht mat hirem Gefier net hale konnten

Fanny Kinsch
Andy Brücker
Um Mierscherbierg an zu Féiz ass den Alkoholtest bei zwee Automobiliste positiv ausgefall.
Ee Fürerschäi gouf agezunn an och en Auto gouf ofgeschleeft.
© Laurent Weber

E Freideg den Owend an an der Nuecht op e Samschdeg huet d'Police zwou Persounen ugehalen, déi ze vill Alkohol consomméiert haten an duerch hire Fuerstil opgefall sinn.

Géint 22 Auer e Freideg den Owend war e Chauffer gemellt ginn, deen op der Tréierer Autobunn opfälleg lues a Richtung Nordstrooss ënnerwee war. Den Auto konnt um Mierscherbierg ugehale ginn. De Chauffer hat ze vill gedronk a krut de Permis ofgeholl.

Ze séier an am Zickzack ënnerwee war eng Persoun, déi géint 1 Auer an der Nuecht op e Samschdeg mam Auto zu Féiz gesi gouf. Och hei war den Alkoholtest positiv. De Chauffer krut e provisorescht Fuerverbuet an hiren Auto gouf ofgeschleeft.

Back to Top
CIM LOGO