IndustriebrandFeier am Hafen zu Tréier geläscht - eng 70 Pompjeeën, Polizisten a Secouristen am Asaz

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg koum et am Hafe vun Tréier am Staddeel Ehrang zu engem Industriebrand, deen am Laf vum Nomëtteg geläscht konnt ginn.
E Samschdeg de Moien koum et zu engem Brand beim Tréierer Hafen.
E Samschdeg de Moien koum et zu engem Brand beim Tréierer Hafen.
© Agentur SIKO

Géint 11:15 Auer hat e grousse Koup Schrott beim ëstleche Quai Feier gefaangen. Wéi d'Stad Tréier an Nomëtteg matdeelt, waren eng 70 Pompjeeën, Polizisten a Secouristen op der Plaz. D'Feier war géint 13 Auer geläscht, ma d'Läschaarbechte sinn nach bis 14:30 Auer weidergaangen, fir sécherzegoen, datt d'Flamen net nach emol uginn.

Wou d'Pompjeeë géint 11:30 Auer op der Plaz waren, huet schonn eng grouss Dampwollek iwwert dem ronn 10 Meter héije Koup Schrott gehaangen. Well den Damp allerdéngs a Richtung Musel gezunn ass, war keng Warnung fir d'Bevëlkerung néideg, huet et am Bilan vun der Stad geheescht.

D'Beruffspompjeeën si mat direkt e puer Gefierer an héije Leederen am Asaz gewiescht, fir d'Metall mam Waasser ze killen an de Schrott auserneen ze zéien. Eng Gefor fir d'Ëmwelt hätt et net ginn. Et wier aktuellen Informatiounen no och kee blesséiert ginn. Wéi genee et zum Feier koum, soll elo d'Police ermëttelen.

Enn Juli hat et een änleche Brand am Hafe vu Mäertert ginn. Deemools waren och eng 70 bis 80 Pompjeeën am Asaz, fir d'Feier an engem Koup Schrott ze läschen. Wéinst der Dampentwécklung war deemools en LU-Alert ausgeléist ginn.

Back to Top
CIM LOGO