An eidelt Haus agebrachDräi presuméiert Abriecher no Virfall zu Ettelbréck gepëtzt

RTL Lëtzebuerg
D'Police konnt dräi Persoune festhuelen, nodeems an een eidelstoend Haus zu Ettelbréck agebrach gi war.
© Laurent Weber

Zum Virfall war et schonn an der Nuecht vun en Donneschdeg op e Freideg komm, mellt d'Police. De Beamte war géint 1 Auer an der Nuecht een Abroch an een eidelstoend Haus gemellt ginn. Op der Plaz hu si dann och gesinn, datt bannenan d'Luucht gebrannt huet.

Hannert dem Haus konnt d'Police zwee Männer stoppen, déi drop an dru waren, sech duerch d'Bascht ze maachen. Eng drëtt Persoun konnt kuerz Zäit drop gestallt ginn. Déi dräi Verdächteg koumen du fir d'éischt emol mat op de Policebüro. Op Uerder vum Parquet goufe si duerno festgeholl a virun den Untersuchungsriichter bruecht.

Zwee presuméiert Déif zu Iechternach festgeholl

Nach emol zwou Persoune konnt d'Police e Freideg géint 17 Auer an engem Supermarché zu Iechternach pëtzen. Hei war gemellt ginn, datt déi Verdächteg aus engem Buttek geklaut hätten. D'Mataarbechter hunn déi Verdächteg zesumme mat engem Client festgehalen, bis d'Police do war. Och hei goufen déi Verdächteg mat op de Büro geholl an op Uerder vum Parquet festgeholl, ier si e Samschdeg de Moie virun den Untersuchungsriichter koumen.

Ketten an der Stad vum Hals gerappt

Kee Gléck haten d'Beamten allerdéngs an engem Virfall an der Nuecht op e Samschdeg. Ee Mann ass géint 2 Auer an der Nuecht an der Rue Jean-Pierre Probst an der Stad vun engem Friemen ugesprach ginn. Ier d'Affer reagéiere konnt, hat den Täter him schonn d'Kette vum Hals gerappt an huet d'Been an de Grapp geholl. Trotz enger Sich, déi direkt an d'Weeër geleet gouf, konnten d'Beamten de Verdächtegen net fannen. Ermëttlunge goufen an d'Weeër geleet.

Wéi Dir Iech virun Déif an Abriecher schütze kënnt, gitt Dir hei um Site vun der Police gewuer.

Back to Top
CIM LOGO