Alkohol a ville Fäll am SpillPolice am Asaz op engen 20 Kläppereien a Streidereien uechter d'Land

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Samschdeg gouf d'Police eng 20 mol wéinst Streidereien a Kläppereie geruff.

An deene meeschte Fäll waren d'Streidereie schonn eriwwer, wou d'Police do war, oder d'Beamten op der Plaz konnten näischt esou feststellen. Zu Leideleng op enger Tankstell war dat anescht.

Hei koum et zu enger handfester Ausernanersetzung tëscht engem alkoholiséierte Client an engem Sécherheetsmataarbechter, deen dem Policebulletin no ouni Grond ugepöbelt gi war. Och d'Beamten, déi op d'Plaz geruff goufen, konnten de volle Mann net berouegen, esou datt hien no engem medezineschen Check an d'Ausniichterungszell koum. Eng weider Persoun huet no engem Sträit um Boulevard de la Foire an der Stad missen an de Passagearrest, well si sech och net berouegt huet.

Mann ouni Fürerschäin mécht Mauer futti

Alkohol war och an engem Virfall an der Nuecht op e Samschdeg an der Millebaach am Spill. Hei gouf d'Police ëm kuerz no 3 Auer an der Nuecht informéiert, datt eng Persoun eng Mauer futti gemaach hätt, wou si fortgefuer ass. Et gouf och matgedeelt, datt de Chauffer alkoholiséiert gewiescht wier.

De Chauffer konnt kuerz drop fonnt a kontrolléiert ginn, an effektiv goufen och Schied um Auto festgestallt. Net just huet sech erausgestallt datt de Chauffer tatsächlech ze vill gedronk hat, ma wéinst Alkohol um Steier war him u sech schonn am Juli 2026 de Fürerschäin ofgeholl ginn. De Mann krut ee Protokoll.

Well hie sech nach am Café mat engem aneren alkoholiséierte Mann an d'Hoer krut hat, krut och déi aner bedeelegt Persoun ee Rendez-vous um Policebüro.

Back to Top
CIM LOGO