
Zu München, méi genee zu Langwied, sinn d'Pompjeeë mat engem Waasserwerfer op en Asaz geruff ginn, dee wuel honnerte Fësch an engem Weier d'Liewe gerett huet. Wéinst der Hëtzt an der Dréchent ass hei nämlech e Weier, mat Kaarpen dran, bal komplett ausgedréchent gewiescht.
Ronn eng Stonn huet d'Aktioun gedauert, bei där de Weier mat enger ronn 160 Meter laanger Leitung e Méindeg den Owend nees opgefëllt gouf. Dat mellen d'Pompjeeën zu München en Dënschdeg ënnert anerem och op de Soziale Medien.
Wéi et heescht, wier de Fësch am Weier just nach e klenge Pull bliwwen. Och fir Inten am Weier wier d'Situatioun problematesch ginn, dat well se hiert Haus, dat op Stelze steet, duerch den niddrege Peegel net méi erreeche konnte. Nodeems Leit aus der Bevëlkerung sech gemellt haten, sinn d'Ekippen op den Asaz gefuer an hunn d'Situatioun nees an de Grëff kritt.