
Mir schwätze vun de Pois chiches. Virun Joren nach ondenkbar bei eis. Mee elo mat den ëmmer méi waarme Summeren kéint dat eppes ginn mat Humus et Co.
Kleng awer oho. Jo d’Pois chiches huet et och elo an eis Regioune gepakt. Pionéier Aarbecht a Fuerschungsprojeten huet d’IBLA hei geleescht, den Institut fir biologesch Landwirtschaft.
"Dat ass de Projet Opbau vun enger Wertschöpfungsketten Käre Leguminosen hei zu Lëtzebuerg. De Projet ass am Fong esou ugelaf dass mir d’Baueren ënnerstëtzt hunn beim Ubau, bei der Recolte, mee och di Schrëtt déi duerno kommen wéi dann eben d’Botze vun der Wuer, Dréchnen a fir dann och de finale Produit dann och bei eis an engem Supermarché oder Hofladen ze gesinn."
Seet d’Manon Kinn vun der IBLA. Di robust Hülsefriichten sti wierklech prima do, a sinn deelweis schonn zeideg, gedresch ginn, an déi Kéier dréchen ënnerdaach komm. Firwat ass déi esou resilient?
"Ma eng Kicher Ierz déi huet eng ganz déif Wuerzel, bis zu engem Meter, esou dat wann et richteg dréchen ass, déi sech nach Waasser aus méi déiwe Schichte kann eraushuelen. Si hunn op hire Blieder, dat ass keen duerchgehend Blaat, dat si Fiderbliedercher, an do kann d’Loft da gutt derduerch zirkuléieren. Op de Blieder hu mir kleng Härecher, déi engersäits d’UV Stralung ze reflektéieren, an de Waasser Verloscht och esou ze miniméieren."

Wat ware da beim Bauer Frank Aben d’Grënn fir den Ubau, resp. beim Projet matzemaachen?
"Dat eent ass bei dat anert komm. Ech hat eng Fläch ëmgestallt op BIO, an do experimentéieren ech ganz gären fir do verschidde Kulturen auszeprobéieren. Dee Projet huet mir direkt zougesot. Et ass modern an in, mee et ass och e ganz gesond Geméis, do duecht ech dat probéiere mir. E Geméis wat speziell Ufuerderungen huet fir et ze séinen, kraut fräi ze halen, keng klassesch Kultur wou een et séint, stoe léiss, an da gees herno kucke wéi et ginn ass."
Pois chiches Felder fënnt een an tëscht queesch duerch eist Land. Bon d’Récolte ass deng Saach, mee wéi geet et da virun?
"D’Kicher Ierz muss dréche sinn fir dass si ka gelagert ginn a weider Schrëtt kënnen unzegoen. Si muss gebotzt ginn. Duerno geet et da weider mam Transport an eng Verarbechtungsanlag. Duerno muss dat ganzt verpaakt ginn an dohinner geliwwert ginn wou et soll verkaf ginn."
An doru schafft e grad, mee deemno nach e laange Wee bis eis Pois chiches luxembourgeoises bei eis am Regal am Glaas steet, resp. als Humus fir op d’Schmier.
Pois chiches-Felder zu Lëtzebuerg.