
De Fötus an der Gebärmutter vun der jonker Fra wier "ganz gutt erhalen", esou den Archeolog Alexander Roesen Sjöstrand. Den onofhängege Fuerscher mat Verbindung zu der Universitéit vun Uppsala sot der Noriichtenagence AFP e Méindeg, déi "ganz ongewéinlech" Decouverte wier op enger Insel virun der Küst vun der schweedescher Insel Gotland gemaach ginn.
De Sjöstrand huet erkläert, Schätzungen no wieren d'Iwwerreschter tëscht 7.000 an 10.000 Joer al, héchstwarscheinlech awer ëm déi 9.000 Joer. Deemno goufen d'Iwwerreschter mat enger Karbondatéierung ënnersicht, fir den Alter méi genee ze bestëmmen.
Dem Archeolog no deit d'Decouverte vun der schwangerer Fra dorops hin, datt Mënschen op der Insel gelieft hunn, kuerz nodeems se no der leschter Äiszäit aus der Ostsee opgedaucht waren. Deemno wier si wuel net just deel vun engem Expetitiounstrupp gewiescht. "Et ass wierklech spannend, well et een Abléck dora gëtt, wéi Erkundunge gemaach goufen", esou de Sjöstrand. "...wéi sech d'Mënschen an der Ära vun de Jeeër a Sammler an der Steenzäit weiderbeweegt hunn."