Zënterhier hänkt et bei hir doheem a gehéiert zu de Familljereliquien, deenen hir Geschicht nëmmen nach zum Deel bekannt ass. Fir d'Jill steet dofir virun allem eng Fro am Mëttelpunkt: Wien ass de Moler Bressanini a wat ass säi Wierk haut nach wäert?
Sophie Becker mécht sech zesumme mat der Jill op d'Sich no den Origine vum Bild. Den Expert Mike Decker hëlleft dobäi, de Kënschtler an d'Zäit anzeuerdnen, erkläert firwat Bild a Rumm zesummegehéieren a schätzt de Wäert vun dësem dekorative Wierk an.
Wat eisen Objet vum Dag haut nach wäert ass, gesitt Dir bei derwäert, dëse Summer vun Dënschdes bis Donneschdes direkt nom Journal op RTL Télé Lëtzebuerg an op RTL Play.