D'Gräins-Kapell verstoppt sech am Fiels ënnert der Montée de la Pétrusse, dem Garer Bierg, am Gronn. Eng aner, vill méi kleng Grott, gesäit een iwwert dem Eecherbierg, do wou et op de Lampertsbierg eropgeet. An an där läit en Hellegen, deen et eigentlech guer net gëtt: de Péiter Onrou – a bei dee geet een net nëmme fir ze bieden!
Wousst Dir, dass d'Muttergottes nach guer net esoulaang Schutzpatréinerin vun der Haaptstad ass? Vun 1050 bis 1666 huet nämlech den Hellege Quirin op d'Festung an hir Awunner opgepasst! Haut erënnert d'Gräins-Kapell an der Péitruss un de Märtyrer, deem seng Schanken am 11. Joerhonnert iwwer Lëtzebuerg op Neuss bei dem Poopst Leo IX seng Schwëster, eng Äbtissin, bruecht gi sinn.
D'Gräins-Kapell ass déi eelst aus der Stad, mat kelteschen Originnen, dono galloréimesch, vun de Chrëschte "bekéiert" – dat weist virun allem déi zweet Kapell aus dem Ensembel vun dräi, déi uewendriwwer, am Garer Bierg steet. Hei goufen ugangs nämlech déi 3 Schicksalsgëttinnen ugebiet an dunn duerch d'chrëschtlech Jongfrae Spes, Fides a Caritas um Iesel ersat.
Haut gi keng Masse méi an der Kapell gelies. De Paschtouer aus der Kathedral, zoustänneg fir déi ganz Por Notre-Dame, ka sech och net un eng Liturgie hei erënneren. D'Kapell géing dem Staat gehéieren, mengt den Tom Kerger a wier bei der Trennung vu Kierch a Staat keen Thema! Fir de Péitruss-Dall sinn effektiv deels de Staat an deels d'Stad Lëtzebuerg zoustänneg – d'Gräins-Kapell läit awer effektiv op enger Parzell vun der Haaptstad, där hir Administratioun sech och drëm këmmert.

D'Gräins-Kapell ass als "Patrimoine national" klasséiert! Obschonns duerch d'Restauratioun vill vun hirer Authentizitéit verluer ginn ass, erkläert den Historiker Robert Philippart. Hire Look zielt haut vun der Verwandlung vun der einfacher Grott an eng mat Fassad. Ganz cool: de Balcon, ouni Rabonzel, mee fréier mat Paschtouer, deen op der Kiermes priedegt, déi war nämlech op der Plaz virun der Kapell.
Wéi de Staatsarchitekt Charel Arend 1884 un d'Gräins-Kapell kniwwele goung, krut si e goteschen Touch. Den Tiermchen: Vu ronn op véiereckeg, a bannenan – dat gesäit een och duerch d’Gitteren aus Eisen, e falsche Plaffong, deen d’Grott vläicht méi Kierch sollt maachen.
Baussen un der Fassad feelen eng Fresk mam Christus an an der Nisch eng Statue vu Maria. Ma opgepasst: Zanter den 1950er Joren feelen och zeg Haiser, déi aus Hygiènes-Grënn ofgerappt goufen, weess den Historiker.

Hellegt, geseent Waasser aus dem Buer ënnert der Kapell: Vill genotzt an ëm 1900 nach ganz propper, wéi e Bild vu fréier weist. Gepilgert gouf wuel och heihinner, well d'Waasser sollt heelen, wann een eppes un den Aen, e Krapp oder Hautkrankheeten hat. Wann een d'Dier opspäert, gesäit een – am Räich vun de Spannen – haut éischter e klenge Pull. Waasser, dat wuel éischter krank mécht, wéi Kränkten ewechhëlt.
Spill net mam Feier, seet een de Kanner schonn, e Saz, deen d'Maansleit, déi friem gaange sinn, sech besser gemierkt hätten, well méi wéi eng Damm ass an den Eecherbierg bei de Péiter Onnrou gepilgert – wann een dat esou kann nennen. An der Täsch: Eng Käerz, Fixspéin an eng oder souguer méi Spéngelen!

D'Gebrauchsanweisung war einfach: Et stécht een d'Spéngel duerch d'Käerz, setzt déi virun deen, deen do läit a fänkt se un. Spéitstens esoubal d'Spéngel ufänkt waarm ze ginn, spiert der Fra hiert Affer sech onwuel – de Stach an d'Häerz kënnt, esoubal d'Nol eroffält!
Revanche mat Hëllef vun engem Hellegen? En Hellege Péiter Onrou gëtt et schonn emol net. Et soll de Péiter vu Mailand sinn, deen hei hanner Gitter ass. Mee wat huet deen hei ze sichen? Agespaart gouf hien – d’Figur ass eng Kopie iwwregens – well e schonn ugestach, op eng Bänk gesat oder geklaut gi wier, erzielt den Historiker Philippart.
Message un Iech, dir Hären: Opgepasst, well et gëtt ëmmer nach Dammen, déi iech mat waarme Picken an d'Häerz kënnen ze verstoe ginn, dass si sech näischt gefale loossen. Péiter Onrou: Eng flott Geschicht, eng wou e fréiere Kräizwee no an no zum Kräiz fir d'Männer ginn ass.