"Safety First - Sécherheet am Internet"Sozial Medien: Facebook, Instagram & Co - Plattforme fir z'interagéieren

RTL Lëtzebuerg
An eiser Serie "Safety First" stelle mer Iech verschidde Begrëffer vir, déi engem am Internet-Alldag sollte bekannt sinn.
Safety First: Sozial Medien
Wat si Sozial Medien a wourop sollt een oppassen?

Sozial Medie sinn digital Plattformen, déi et hiren Notzer erlaben, Inhalter ze generéieren an ze deelen, ze kommunizéieren an ze interagéieren. Plattformen déi engem hei direkt afale si Facebook, Instagram, Youtube an Tiktok. Ma et ginn och nach anerer, wéi zum Beispill X, Pinterest oder Snapchat, op deenen ee privat a kommerziell kommunizéiere kann.

Reglementatiounen an Iwwerwaachung iwwert d'Inhalter existéiere wéineg bis guer net. Deemno ass et wichteg, dass een oppasst, wann een op sou Plattformen ënnerwee ass. Et soll ee seng privat Informatioune beschtméiglech schützen an net ze vill vu sech Präis ginn. Eng duebel Authentifizéierung kann hëllefe Phishing ze vermeiden. A verschiddene Länner ginn et mëttlerweil Gesetzer, déi ee Mindestalter festleeën, vu wéini un ee sech kann op sou engem Medium umellen.

Sou gär een och op de soziale Medien ënnerwee ass, soll een net vergiesse seng Mental Gesondheet am Aen ze behalen. Et besteet nawell e grousse Risk, dass ee gär ze vill Zäit op deene Plattforme verbréngt.

Back to Top
CIM LOGO