
Ab 10 Auer Moies dierf ee mat sengem oder sengen Hënn hei an d'Schwemm. Natierlech ass d'Waasser virdru fräi gemaach gi vu Chemikalien, sou dass d'Muppe sech an aller Sécherheet kënnen ameséieren. A wann de Meeschter Loscht huet, kann en och mat sengem Déier an d'Waasser goen. 5 Euro pro Hond kascht de Spaass an déi Sue ginn un d'Diddelenger Déierenasyl.
https://www.dudelange.lu/index.php/evenement/muppeschwammen/