Porsche SupercupPlaz 2 fir den Chester Kieffer an Ungarn

Tom Nols
Nieft sengem zweete Podium hannertenee ka sech de Lëtzebuerger och iwwer d'Victoire bei de Rookië freeën an huet domat d'Féierung an deem Klassement iwwerholl.
© Flatout Studios

Vu Startplaz 2 aus war de Lëtzebuerger an d'Course gaangen a konnt dës och no den éischte Kéiere verdeedegen. Fir säin Teamkolleeg a Leader am Championnat Flynt Schuring war et dogéint e battere Sonndeg, well hien no enger Kollisioun mam Paul Cauhaupé huet mussen opginn. De Safety Car hat kuerz mussen op d'Streck, well dem Keagan Masters säin Auto hat mussen ofgeschleeft ginn.

Nom Relancement huet de Polesetter Marcus Amand d'Spëtzt confirméiert a kontrolléiert. Dem Chester Kieffer säin Ofstand, deen zwar ëmmer a Schlagdistanz war, awer ni wierklech eng Attack lancéiere konnt, louch meeschtens am Beräich vun enger Sekonn. Spannend war den Duell ëm déi véiert Plaz, an deem sech den Jack Young an de Robert de Haan näischt geschenkt hunn.

Um Enn huet de Porsche-Junior aus Finnland seng éischt Course am Supercup gewonnen. Gläichzäiteg konnt sech den Chester Kieffer iwwert säin zweete Podium bannent enger Woch freeën. Op déi drëtt Plaz ass bëssen iwwerraschend de Wouter Boerekamps gefuer, dee sech an der éischter Ronn gutt no vir geschafft hat.

Am General behält de Schuring weider d'Spëtzt vum Klassement, de Haan (P6) an Oeverhaus (P9). Neie Véierten ass den Chester Kieffer.

Neie Leader bei de Rookien

Nieft der zweeter Plaz am General war et fir de Lëtzebuerger och d'Victoire am Klassement vun de Rookien. Den Andrea Bristot, dee virun der Course punktgläich mam Kieffer un der Spëtzt louch, ass net zu Wee komm an Ungarn. Mat um Podium stoungen den Jack Young an de Mattheus Ferreira.

Domat ass den Chester Kieffer neie Leader am Rookie-Klassement. Well d'Resultat vun der Course nach virleefeg ass, läit momentan keng exakt Punkteverdeelung vir, mee d'Plazen a béide Klassementer, bis op déi vum Bristot, si kloer.

No der Summerpaus wäert et zu Zandvoort weidergoe mam Supercup. An Holland stinn den 22. an 23. August direkt zwee Leef um Programm, an deene scho munch Virentscheedung kéint falen.

Back to Top
CIM LOGO