BasketCharity Match am Zeeche géint de Kriibs

Yannick Gross
Zu Steesel hate sech d'Lëtzebuerger Nationalekipp an eng All-Star-Auswiel zesummefonnt, fir Sue fir de Kampf géint de Kriibs bei Kanner ze sammelen.
Charity Match am Zeeche géint de Kriibs
Zu Steesel hate sech d'Lëtzebuerger Nationalekipp an eng All-Star-Auswiel zesummefonnt, fir Sue fir de Kampf géint de Kriibs bei Kanner ze sammelen.

E Samschdeg gouf am Härebasket zu Steesel ee Gala-Match gespillt. Ugetrueden ass d'Lëtzebuerger Nationalekipp ronderëm Logelin, Laurent a Co. géint eng All-Star-Auswiel, bestoend aus fréieren Non-JICL-Spiller, déi zu Lëtzebuerg wunnen. Am Vierdergrond stoung awer net nëmmen de Basket um Terrain, mee virun allem d'Lutte géint de Kriibs.

Iwwer 4.000 € waren e Samschdegowend beim Gala-Match tëscht den FLBB-Hären an dem Team Stars zesummekomm. Gesammelt goufen dës Sue fir d'Fondatioun Kriibskrank Kanner an organiséiert gouf den Evenement vum Steeseler Spiller Scott Morton. Fir d'Lëtzebuerger Nationalekipp, déi matzen an hirer Preparatioun fir zwee ganz wichteg Matcher doheem an der Coque géint den Aserbaidschan an Nordmazedonien ass, war et trotzdeem selbstverständlech, hei unzetrieden.

Op der anerer Säit vum Terrain stoung dann d'Team Stars, fir dat et, aus dem Organisateur a Spiller Scott Morton senger Sicht, zimmlech einfach war, Spiller ze fannen, och wann déi meescht professionell Spiller de Moment net am Land sinn. Esou einfach waren d'Bedingungen um Terrain dogéint awer net. Et war an der Hal op d'mannst genau esou waarm wéi dobaussen, wat och fir e puer Upassunge beim Oflaf gesuergt huet. Hei goufe beispillsweis d'Véierelen op 8 Minutte gekierzt.

Ausgoe sollt de Match um Enn 67:67. E gudden Test fir d'FLBB-Hären, déi e puer jonk Spiller agesat hunn an awer och d'Matcher nächst Woch am Hannerkapp behale missten. Am Vierdergrond stoung awer och net wierklech d'Resultat um Terrain, mee d'Freed bei de Supporteren a Spiller, an natierlech virun allem d'Ënnerstëtzung vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner an hirer Lutte géint de Kriibs.

Back to Top
CIM LOGO