De Lando Norris huet e Sonndeg de leschte Grousse Präis vun Holland zu Zandvoort gewonnen. De McLaren-Pilot huet sech virum WM-Leader Kimi Antonelli op Mercedes an dem zweete Mercedes-Pilot George Russell duerchgesat.
Am WM-Klassement huet den Antonelli elo 242 Punkten. De Russell an de Lewis Hamilton (Ferrari) leien op de Plazen 2 an 3 mat jeeweils 183 Punkten.
Déi virleefeg lescht Course zu Zandvoort hat mat engem zolitten Accident vum fréiere Weltmeeschter Max Verstappen ugefaangen. An der leschter Kéier vun der zweeter Ronn hat den Hollänner op der nach e bësse fiichter Streck ouni Friemawierkung d'Kontroll iwwer säi Red Bull verluer a war haart an d'Mauer ageschloen. De Verstappen konnt säin Auto selwer verloossen an hat sech direkt bei der Box fir den Accident entschëllegt. Méi wäit hannen hat sech och nach de Bortoleto gedréint, de Brasilianer konnt awer weiderfueren.

De Grousse Präis vun Holland gouf nom Verstappen-Crash ënnerbrach an no enger Paus nei gestart. De Kimi Antonelli, dee beim éischte Start säi Mercedes-Teamkolleeg George Russell iwwerholl a sech op Plaz 2 verbessert hat, konnt vum Re-Start profitéieren. Dem WM-Leader war et gelongen, de Polesetter Lando Norris ze iwwerhuelen a sech un d'Spëtzt ze setzen.
Den Ecart tëscht dem Antonelli an dem Norris war déi ganz Course iwwer enk bliwwen. An der 54. vun den 72 Ronnen war et dem Norris um enke Circuit vu Zandvoort gelongen, fir den Antonelli nees ze iwwerhuelen. An den Italieener hat kuerz drop eng weider Positioun verluer, wéi hie sech Softs an d'Box siche war. Domadder war hien hannert säin Teamkolleeg Russell zeréckgefall. Kuerz drop krut de Russell aus der Box den Uerder, fir den Antonelli passéieren ze loossen.
De Britt hat duerno den Hamilton am Genéck sëtzen, dee richteg Drock gemaach hat, fir et nach op de Podium ze packen. Gelonge war dat dem Rekord-Weltmeeschter awer net méi. Esou huet um Enn den Norris virum Antonelli an dem Russell gewonnen.